Ugefaange mat der Situatioun am Noen Osten. Et ass nach net gewosst wéi et mam EU-Kooperatiounsaccord mat Israel weider geet.
"Inacceptabel humanitär Situatioun an der Gazasträif"
Rezent huet e Rapport vun der EU-Kommissioun festgestallt, datt Israel an der Gazasträif géint verschidde Prinzippie vun deem Accord verstousse géif. De Kanzler Friedrich Merz seet, fir Däitschland kéim et net a Fro, de Kooperatiounsaccord a Fro ze stellen.
De Premier Luc Frieden wollt sech um Donneschdegmoie bei senger Arrivée hei um EU-Sommet nach net festleeën.
"Déi Diskussioun gëtt elo réischt geféiert op Grond vun deem Rapport bei den Ausseministeren. Deem soll een net virgräifen, soss mécht déi Diskussioun kee Sënn."
Déi humanitär Situatioun an der Gazasträif wier inacceptabel, esou de Luc Frieden. Hie wier dofir dat am Dialog mat Israel ze léisen.
D'Ukrain brauch militäresch a finanziell Ënnerstëtzung
Anere Krisesujet ass den Ukrainkrich. D'EU wëll haut um Donneschdeg op en Neits weisen, datt se hannert Kiew steet, mee Ungarn wäert déi Konklusiounen net matdroen. Sou, datt Ungarn och enger spéiderer EU-Memberschaft vun der Ukrain kéint am Wee stoen.
"Ech mengen datt d’Ukrain grouss Efforte gemaach huet. Mee datt et hire Besoin net direkt ass an d’Europäesch Unioun. D’Ukrain ass lo vill méi drop ugewisen, datt mir si militäresch a finanziell ënnerstëtzen."
Medien no wëll de franséische President Emmanuel Macron um Donneschdegowend hei um EU-Sommet och probéieren, bei den nächste Klimaschutzziler op d'Brems ze trëppele wann hien net garantéiert kritt, datt d'Atomenergie mat erneierbarer Energie gläichgesat gëtt.
Op eis Nofro hi wollt de Luc Frieden de Moien dozou keng Positioun bezéien. Dat stéing net op der Agenda an hie géif da mol nolauschtere wat gesot gëtt.