Bei de Gespréicher vun de Verdeedegungsminister:inne soll et um Dënschdegmoien ënner anerem iwwer weider militäresch Ënnerstëtzung vun der Ukrain goen.
Den ukrainesche Verdeedegungsminister Rustem Umerov, an den NATO-Generalsekretär Mark Rutte, bedeelege sech un den Diskussiounen, esou e Communiqué vun der Lëtzebuerger Defense.
D‘Ausseminister:inne wëllen dann um Dënschdegmëtteg ënner anerem iwwer nei Sanktioune géint Russland diskutéieren an iwwer d‘Situatioun an der Gazasträif.
De Xavier Bettel hat d‘lescht Woch op enger Pressekonferenz op eis Nofro hi gesot, et sollt och iwwer den Associatiouns-Accord tëschent der EU an Israel diskutéiert ginn. Do wier Lëtzebuerg bereet, sech der hollännescher Initiativ unzeschléissen, fir deen Accord ze re-evaluéieren, esou de Xavier Bettel.