Ënner hinnen ass d’Lëtzebuerger Verdeedegungsministerin Yuriko Backes, déi d’Attack op Zivilisten zu Kiew schaarf condamnéiert huet. Dat wier net dat, wat geschéie sollt, wann een drop aus wier, ee Friddensofkommes an ee Friddensplang ze erreechen, esou d’DP-Politikerin de Moie virun der Reunioun an der dänescher Haaptstad.
"Mir mussen do sinn, wou d’Ukrain eis brauch"
D'EU-Chefdiplomatin Kaja Kallas sot, d’EU misst den Drock op Russland erhéijen. Dat wier dat eenzegt, wat de Wladimir Putin géif verstoen.
"Russland wëllt kee Fridden, dat ass kloer. Och duerch déi Attacken. Mir mussen Drock opbauen, fir datt si Fridde wëllen. Dat ass dat eenzegt wat funktionéiert."
Op der Reunioun haut soll konkret iwwer déi europäesch Contributioun fir d'Sécherheetsgarantië geschwat ginn. Dozou gehéiere militäresch Missiounen, den Training vun der ukrainescher Arméi an d’Ënnerstëtzung vun der Defense-Industrie, esou d’Kaja Kallas.
"Mir diskutéieren haut och driwwer, d’Mandat vun deene Missiounen ze änneren, fir datt mir dono prett sinn, wann ee Friddensofkommes bis op d’Bee gesat gouf."
Et kéint een, esou d’EU-Chefdiplomatin, och doriwwer diskutéieren, ob d’EU-Memberstaate prett sinn, ukrainesch Truppen op ukraineschem Buedem auszebilden. Där Meenung ass och déi litauesch Verdeedegungsministerin Dovilie Sakaliene.
"Mir si komplett dofir. Mir mussen do sinn, wou d’Ukrain eis brauch, a mir mussen esou efficace wéi méiglech sinn."
Yuriko Backes: Waffestëllstand huet Prioritéit
Och anerer soe sech prett an d’Ukrain op eng Ausbildungs-Missioun ze goen. D'Yuriko Backes schléisst dat fir Lëtzebuerg net komplett aus.
"Mir si prett, bei der Ausbildung vun ukraineschen Zaldote matzemaachen. Dat fënnt bis elo ausserhalb vun der Ukrain statt. Déi Diskussioune lafen elo. Lëtzebuerg wäert matmaachen, wou et kann, mee fir d’éischt brauche mir ee Waffestëllstand."
D'Diskussiounen iwwer weider Sanktioune sollen haut an och muer um Samschdeg ënner den Ausseministere viru gefouert ginn.
Wat Russland am meeschten treffe géif, wiere Mesuren, déi den Energieberäich viséieren, mee och d’Finanzservicer, esou d’Kaja Kallas.