Si géifen d‘Positioun vum US-President Trump ënnerstëtzen, datt direkt eng Wafferou misst kommen. D‘Deklaratioun gouf ënner anerem vun Däitschland, Frankräich, a Groussbritannien ënnerschriwwen.
Och den ukrainesche Präsident Wolodymyr Selenskyj, d‘EU-Kommissiounscheffin Ursula von der Leyen an den EU-Conseilspresident António Costa hunn dee Statement ënnerschriwwen.