De Stopp wier vu Bréissel decidéiert gi fir eng Regierung roueg ze stellen déi anerer Meenung wier, heescht et aus Ungarn. Eng Majoritéit vun EU-Staaten hat sech am Oktober fir e kompletten Importstopp ausgeschwat. Mat dëse Gasverkeef huet Russland seng Krichskees gefëllt.
arrow_back_ios
100komma7.lu
EU-Decisioun
|Ungarn wëll wéinst Importstopp vu russeschem Gas EU-Geriichtshaff aschalten
Ungarn wëll den europäesche Geriichtshaff wéinst dem Importstopp vu russeschem Gas aschalten. Dat sot den ungaresche Premier Viktor Orban. Ungarn wéilt deen europäeschen Importstopp deemno net akzeptéieren, well e géint déi europäesch Valeure géif verstoussen.
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Nicolas Economou)