Et wéilt ee weder Panik maachen, nach onnéideg Alarm schloen, mee d’Welt huet sech geännert an d’EU muss doraus Konsequenzen zéien. Dat ass de Message, deen d‘Europäesches Kommissioun haut erausschéckt.
"Mir mussen ëmdenken, well d’Geforen anerer sinn", stellt d’EU-Kommissärin fir de Krisemanagement, d’Hadja Lahbib fest.
30 verschidde Mesurë proposéiert Bréissel dowéinst an engem Aktiounsplang - deen dofir suerge soll, datt ee sech besser op Naturkatastrophen ewéi Iwwerschwemmungen oder Bëschbränn oder awer ee Krich preparéiert.
D’EU fänkt net bei Null un, et gëtt schonn eng 50 verschidde Krisen-Mechanismen oder Instrumenter, mee si kënne méi effikass agesat ginn, andeems se besser openeen ofgestëmmt ginn, sou d’Kommissioun.
"Dat heiten ass eng komplex Approche an d’Länner wäerte musse vill Aarbecht dra stiechen, déi Strategie ëmzesetzen", erkläert d’Vizepresidentin vun der Kommisisoun Roxana Minzatu.
Jidderee soll "Survival-Kit" doheem hunn
Jidderee soll mat agebonne ginn, dowéinst wëll d’Kommissioun zesumme mat de Memberlänner eng Zort Survival-Kit zesummestellen, dee jidderee sollt doheem hunn.
Jidderee soll sech fir 72 Stonne selwer mam wichtegste versuerge kënnen. Haaptsächlech mat Waasser, Iessen a Konserven, Beliichtung, Identitéitspabeieren an enger waasserdichter Täsch, eegene Medikamenter an engem Langwelle-Radio, fir informéiert ze bleiwen.
Wat genee am Kit dra soll sinn, ass d’Saach vun de Memberlänner, vun deene verschiddener wéi zum Beispill Schweden, Finnland oder Däitschland scho prezis Recommandatiounen ausgeschafft hunn.
Leit fille sech net gutt preparéiert
Et ass an deem Beräich vill ze dinn. Enger Ëmfro vun der Kommissioun no fille sech 50 Prozent vun de Leit an der EU net gutt preparéiert, 60 Prozent wéissten net, wéi si sech an engem Noutfall behuele sollen
D’Kommissioun recommandéiert och d’Schafe vu Schutz-Bunkeren. Och hei wier et awer un de Memberlänner, dës Mesure hiren eegene Besoinen unzepassen.
Bis 2026 soll een detailléierte Plang ausgeschafft ginn.