Polen huet nach bis den 1. Juli d’Presidence vun der Europäescher Unioun an d’Regierung gëtt sech bis um Schluss Méi, een aneren Image vum Land opzebauen.
Ënner anerem dowéinst goufen Uganks der Woch eng Partie EU-Korrespondentinnen a Korrespondente vun der polnescher EU-Presidence op d’Plaz invitéiert, fir sech ee Bild iwwert déi aktuell Entwécklungen ze maachen.
Baltic Hub: Den Hafe gëtt weider ausgebaut
Direkt virum gréisste Container-Terminal zu Gdansk am baltesche Mier, wouhin iwwer 6.000 Camionen an iwwer 8.000 Zich am Joer hir Chargen ofliwweren, hummert et virum Quai: Den Hafen zu Gdansk gëtt weider massiv ausgebaut.
"Am Moment ginn, wéi der héiert, d’Pilieren opgeriicht, op zousätzlech 21 Hektar”, erkläert de Jacek Grabowski, de kommerziellen Direkter vu Baltic Hub, der Entreprise, déi dee risege Containerpark bedreift.
Déi zousätzlech Terminalle gi speziell esou gebaut, fir kënnen déi riseg Stécker vu Wandmillen an Empfang ze huelen.
Och dat betrëfft d’Géigend vu Gdansk ganz direkt. Well net wäit vun deem Hafen ewech, gëtt den Ament deen éischten, polnesche Wandpark am Mier opgebaut. 19 aner där Parke si geplangt.
Gutt 20 Kilometer vun der Côte vu Leba, enger klenger touristescher Stad, ewech, ass décke Betrib am baltesche Mier.
Baltic Power: Pole wëll den Undeel vun erneierbaren Energië verduebelen
"Wandenergie wäert eng Haaptroll bei den Erneierbaren Energie spillen", erkläert u Bord vum Schëff, wat d’Journalisten a Journalistinnen op d’Plaz bréngt, den Ignacy Niemczycki, de Staatssekretär fir d’EU vun der polnescher Regierung.
Vum Schëff aus gesäit een deen ënneschten Deel vun den éischte Pilieren, déi vun Installatioune mat risegen Hummeren op de Mieresgrond geschloe goufen. De Käschtepunkt läit bei ronn 200 Milliounen Euro.
"Mir bauen hei 76 där Turbinen, et sinn déi modernst, déi et um Maart gëtt", präziséiert de Marcin Godek vum Bedreiwer Baltic Power.
2024 gouf mat den Installatiounen ugefaangen, vun 2026 u soll deen éischte Stroum un iwwer 1,5 Millioune Stéit geliwwert ginn.
Polen hänkt nach ëmmer vun der Kuel of, an huet wëlles, den Undeel vun Erneierbaren Energien an de nächste Jore vun elo 20 op op d'mannst 50 Prozent eropzesetzen.
"Des Regierung huet sech der Energie-Transitioun verschriwwen", sou de Staatssekretär, "virun allem well mer d’Präisser erofbrénge mussen."
Do, wou Solidarnosc entstan ass, ginn elo Krichs-Schëffer gebaut
Un der Côte am Norde vu Polen brummt et awer net nëmmen, wéinst dem Ausbau vum Energiesecteur. Zu Gdansk, op där Plaz, wou 1980 an enger Werft de Solidarnosc-Mouvement géint de kommunistesche Regime seng Wuerzelen hat, ginn elo Krichsschëffer gebaut.
"Dir dierft hei net fotograféieren", kréien d’Journalisten op Visitt op der Werft vun der Firma PGZ , där gréisster a Polen, matgedeelt. Hei sollen dräi grouss Fregatten gebaut ginn - een Optrag vun der polnescher Regierung.
"Mir hu vill ze dinn, dat heite Schëff wäert 2029, een anert 2030 an dat drëtt 2031 ausgeliwwert ginn", erkläert op der Plaz, de Marcin Ryngwelski, de CEO vun der Werft.
Polen setzt op des Industrie, d’Regierung huet virun zwee Joer Kontrakter an der Héicht vun 30 Milliarden Dollar an Optrag ginn.
Russesche Krich ass Deel vum Alldag
Déi polnesch Regierung gesäit et als ee vun de Succèse vun hirer EU-Presidence un, datt si mat de Grondsteen dofir geluecht huet, datt d’Europäesch Unioun de Memberlänner méi Outile gëtt, fir méi an d’Defense ze investéieren. Dorop weist de Finanzminister Andrzej Domański hin.
A Polen selwer, wou bal fënnef Prozent vum PIB an d’Defense fléissen, ginn déi Depensen net a Fro gestallt, sou de Minister.
"Et gëtt e Konsens an der polnescher Gesellschaft, mir ënnerschätzen d’Menace vu Russland ni."
Effektiv ass de russesche Krich ganz no, virun allem hei zu Gdansk,- wat direkt vis à vis vun der russescher Enklave Kaliningrad um baltesche Mier läit.
Ze spieren ass dee Krich souwuel bei de Konstruktiounsaarbechten um Hafen, wéi och am Wandpark am Mier, an zwar duerch Stéierungen am GPS - System. "Jamming" a "smoothing" heescht dat am Fachjargon.
Och wann een net offiziell seet, wien dohannert stécht, ass sech jidderee sécher, datt des Sabotage-Versich am direkten Zesummenhang mat Russland stinn.