Zënter 1955 gëtt dësen État des lieux iwwer den Zoustand vun den natierleche Ressourcen all fënnef Joer publizéiert. Am Fokus stinn am Ganzen 38 Länner: Also net just déi 27 EU-Memberstaaten, mee och Länner wéi d'Schwäiz, Island oder Tierkei zum Beispill.
De President vum Verwaltungsrot vun där europäescher Ëmweltagence mat Sëtz zu Bréissel ass e Lëtzebuerger, den héije Beamten aus dem Ëmweltministère André Weidenhaupt. An dee stellt am 100,7-Interview fest, datt d'Resultater aus deem Rapport duerchwuess sinn.
"Mir brauchen d'Natur, fir datt mir kënne funktionéieren"
D'Zäregasemissiounen an Europa zum Beispill sinn zënter 1990 zwar ëm 37 Prozent erofgaangen, notamment well et manner Kuel, Pëtrol a Gasverbrauch gëtt. Eng gutt Saach also. Mee Europa ass eeben och keng Insel an och nach laang net an all Beräich e gudde Schüler. Europa wier dee Kontinent, dee sech am stäerksten opwiermt, esou den André Weidenhaupt.
"An dann och déi zouhuelend Pollutioun trotzdeem, och Stéchwuert Éiwegkeetschemikalien, déi iergendwéi awer net ewechzekréie sinn. Dat féiert dann derzou, datt d'Biodiversitéit massiv ofhëlt."
D'Natur ass kee Luxus, mee eng Necessitéit: Dat sot d'Exekutivdirektesch vun der Ëmweltagence op enger Pressekonferenz. "Also mir brauchen d'Natur, fir datt mir kënne funktionéieren", betount dofir den André Weidenhaput. Dobäi kënnt: Geet et der Ëmwelt gutt, da geet et och der Wirtschaft gutt.
Zoustand vum Bësch ass alarmant
Mat Bléck op Lëtzebuerg ënnersträicht de Rapport eng Rei positiv Entwécklungen an de leschte Joren: Eng Baisse vun den CO2-Emissiounen, d'Aféiere vun enger CO2-Steier oder nach d'Fërderung vun erneierbaren Energien. Mee et gëtt natierlech och déi aner Säit vun der Medail.
Lëtzebuerg bleift staark ofhängeg vu fossille Brennstoffer am Transport. D'Emissiounen an der Industrie sinn ëmmer nach héich an och d'Biodiversitéit hei am Land hëlt of. Den André Weidenhaupt zitt déi heite Conclusioune fir de Grand-Duché: Eng Resilienz opbauen a sech dem Klimawandel upassen. Mee do hänkt Lëtzebuerg hannendrun.
"Wou een och wierklech mierkt, datt eis Natur leit wéinst dem Klimawiessel, dat ass wann een d'Bëscher kuckt zum Beispill. Am Prinzip huet d'Doudholz déi lescht Jore sech verduebelt. An dat ass natierlech alarmant, well d'Bëscher sinn am Prinzip eng Senke, wat d'CO2-Emissiounen ugeet, also déi kënnen CO2 absorbéieren."
A wann et de Bëscher net gutt geet, da kënnen déi dat net absorbéieren. Esou géing een an eng "Katastroph" eralafen, warnt den André Weidenhaupt.
Et rechent ee mat Kritik vun den ONGen
Vun haut un a bis Enn der Woch ass den André Weidenhaupt zu Bréissel, wou en Donneschdeg ënner anerem en Austausch tëschent der europäescher Ëmweltagence an enger Rei Ëmweltorganisatiounen usteet.
Den André Weidenhaupt rechent mat Kritik a versteet dat och, well si wieren domat an hirer Roll. Virop wäerten d'ONGe sech iwwer de Réckgang vun der Biodiversitéit bekloen, mengt de Beamten a President vun der europäescher Ëmweltagence, mee domat sécher net genuch.
"D'EU huet elo eng nei Legislatioun fir natierlech Ökosystemer ze restauréieren. Do wäerten d'ONGe scho soen: 'Da maacht emol eppes, wannechgelift.' Da si mir och net esou gutt am Beräich vun der Economie circulaire."
Bei der Kreeslafwirtschaft wier een op dem Niveau vu virun 10 Joer stoe bliwwen, bedauert den André Weidenhaupt.
Mat Bléck op Lëtzebuerg wieren iwwerdeems verschidde Pollutiounen erofgaangen. Alles dat, wat iwwer d'Kläranlagen am Beräich vum mënschlechen Ofwaasser kënnt. Mee all déi Chemikalien, déi een net ofgebaut kritt, déi accumuléiere sech. Och dat wier alarmant, seet den André Weidenhaupt.
Den nächste Rapport, deen ass da fir 2030 geplangt. Ofzewaarden ass, wat sech bis dohinner wäert dinn.