arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Martine Hansen mécht weider Campagne géint Deforestatiouns-Gesetz

EU-DEforestatiouns-GESETZ

|
headphones

5 min

headphones

6 min

play_arrow

Martine Hansen mécht weider Campagne géint Deforestatiouns-Gesetz

D’Propos fir d’Reglement géint d’Deforestatioun ze vereinfachen, ginn net wäit genuch, esou d’Agrarministerin. Si widdersprécht dobäi deels den Aussoe vun der EU-Kommissioun a schwätzt sech weider dofir aus, datt Lëtzebuerger Betriber gréisstendeels misste vun de Reegele befreit ginn.

headphones

5 min

headphones

6 min

play_arrow
Martine Hansen | © Europäesch Unioun
Martine Hansen (Foto: Europäesch Unioun)

Produiten, déi an der EU verkaf ginn, sollen net vun anzwousch kommen, wou virdru Bësch ofgeholzt oder degradéiert gouf. Dat ass de But vum EU-Reglement géint d’Deforestatioun. 

EU-Kommissioun: Kleng Betriber sollen et méi einfach gemaach kréien

Trëtt et bis a Kraaft, mussen och Importateure vu Palmueleg, Kaffi oder Kakao, Rëndfleesch, Holz a Kautschuk an Zukunft musse beweisen, datt déi Produiten net vu Lännereie kommen, op deenen ofgeholzt gouf.

Et zitt sech awer, bis et a Kraaft trëtt - an et ass net einfach nozevollzéien, wourun dat genee läit.

Et gëtt Problemer mat der Informatik, esou leschte Mount op emol d’Kommissioun. Fir déi digital Laascht ze reduzéieren a fir d’Saach méi einfach ze maachen, huet si dunn déi lescht Woch Proposen op den Dësch geluecht.

D’Reglement géif wéi geplangt vum Ufank 2026 un a Kraaft trieden, mee Kleng- a Mëttel-Entreprisë bis 50 Employéë krite bis den 30. Dezember 2026 - also ee Joer méi Zäit - fir et ëmzesetzen. Si missten d’Donnéeën och just eng eenzeg Kéier an de System areechen.

Si hätt d’Bedenke vun deene Länner, déi protestéiert haten, seriö geholl, esou déi lescht Woch zu Lëtzebuerg, d’EU-Kommissärin Jessika Roswall.

"Ech hunn iech nogelauschtert an ech denken, datt eis Propose ville vun Ären Awänn gerecht gëtt."

Martine Hansen: Propos geet “bäi Wäitem net duer”

Dat gesäit d’Martine Hansen allerdéngs ganz anescht. D’Lëtzebuerger Agrarministerin ass eng vun de grousse Kritikerinne vun deem Reglement a bleift och elo dobäi.  

Dat wat elo proposéiert gëtt, "dat geet beim beschte Wëllen net duer", esou d’CSV-Ministerin.

"Fir d'éischt huet d'Kommissärin annoncéiert, se géif et ëm ee Joer no hanne verréckelen an da mécht se do erëm ee Rückzieher. Ech mengen, dat mécht eis Betriber verréckt."

Verschidde Liesaarte vum Gesetzestext

Dobäi hat déi zoustänneg EU-Kommissärin déi lescht Woch genee dat No-Hanne-Verleeën annoncéiert.

"Mir verleeën den Delai fir Kleng-, a Mikro-Entreprisen ëm ee Joer. A fir déi grouss Entreprisë proposéiere mir ee Phase-in vu sechs Méint."

Do steet also Aussoe géint Ausso. D’Lëtzebuerger Liesaart vum geännerte Reglement ass offensichtlech eng aner wéi déi vun der Kommissioun.

Fir d’Martine Hansen bleift och de bürokrateschen Opwand fir déi kleng Betriber bestoen.

"Fir all Stéck vun engem Kallef, wat verkaaft gëtt, muss awer de Suivi gemaach ginn, bis herno bei de Büfdeck a bis bei d'Gehacktes. An do hate mir gefuerdert, datt, wann et bis eemol ok ass, dann ass et ok. Firwat muss ech dann nach iwwerall dee Suivi maachen?"

Och hei behaapt d’Kommissioun, si hätt genee deem Rechnung gedroen.

Am geännerten Artikel 4a vum Text ass effektiv festgehalen, datt kleng Entreprisë just emol missten eng vereinfacht Deklaratioun ausfëllen - an domat hätt et sech.

D’Diskussiounen iwwer deen neie legalen Text sinn am gaang, an et bleift ofzewaarden, wéi sech déi aner Länner positionéieren.

Lëtzebuerg wëllt weider Null-Risiko-Kategorie

Verschiddener halen dru fest, datt ee sollt eng Kategorie aféiere fir Länner mat Null Risiko fir d’Bëscher, déi deemno vun allen administrative Corvéeë befreit géifen.

Dat ass och dat, wat d’Martine Hansen wëllt.

Där Positioun dierfte sech weiderhin och Éisträich, Ungarn, Bulgarien a Lettland uschléissen. Op där anerer Säit poche Frankräich, d’Belsch an Holland drop, dat Reglement elo séier ëmzesetzen an net weider ze verwässeren.

Serge Wilmes ënnersträicht Noutwennegkeet vum Gesetz

Och den Ëmweltminister Serge Wilmes hat déi lescht Woch wärend enger Versammlung vun den Ëmweltminister gesot, et wier wichteg, datt Reglement séier ze hunn.

"Le Luxembourg est pleinement conscient qu'il faudra au plus vite parvenir à des progrès substantiels dans la lutte contre la déforestation mondial."

Déi nei Reegele géifen dernieft den europäesche Baueren entgéint kommen, andeems si enger deloyaler Konkurrenz duerch Importer, déi net deene strengen europäesche Reegelen ënnerworf sinn, entgéint wierken.

Läit do kee Widdersproch dran, wann elo Lëtzebuerg gläichzäiteg verlaangt, den Delai fir d’Gesetz misst weider no hanne verluecht ginn? D'Martine Hansen seet:

"Wéi gesot, mir soen, mir mussen do géint d'Entwaldung, wou et ee Problem ass, awer do, wou et kee Problem ass, wannechgelift net d'Leit nach zousätzlech ploen."

Sou laang déi Froen net gekläert sinn, misst ee virun doriwwer diskutéieren, esou d’Martine Hansen.

Dat muss elo séier goen, wann d’Gesetz effektiv, wéi geplangt Enn Des Joers - op d'mannst deelweis - a Kraaft triede soll.

Ëmweltschutz-Organisatioune warne viru weiderem Delai vum Gesetz

D’Ëmweltschutz-ONGe WWF a Greenpeace hunn iwwerdeems déi lescht Woch drop higewisen, datt dat Gesetz géint d’Deforestatioun dringend gebraucht gëtt. Weltwäit wieren aleng zejoert 8 Milliarden Hektar Bësch verluer gaangen. Och an der EU ass de Problem net behuewen.

Investigatiounen hätte beispillsweis gewisen, datt illegaalt Ofholzen a Bulgarie weider reegelméisseg virkënnt. Bulgarien ass ee vun de Länner, déi sech ewéi Lëtzebuerg fir d’Aféiere vun enger Null-Risiko-Kategorie asetzen.

 

play_arrow Lauschteren