11 Länner - dorënner Lëtzebuerg - haten am Januar zejoert een Appell un d'Kommissioun gemaach, fir een éiergäizegt Zil fir 2040 festzeleeën. Einfach fir sécher ze goen, datt een 2050 wierklech esou wäit ass.
Eng Vermëttlerroll fir de Grand-Duché?
Fir de Lëtzebuerger Ëmweltminister Serge Wilmes ass déi Decisioun vun der EU-Kommissioun dowéinst ee Schratt an déi richteg Richtung.
"Et ass een Zil, wat ambitionéiert ass, mee de Wee fir dohinner ass awer ze packen. Hei mussen nach Detailer zwar gekläert ginn, mee als Lëtzebuerg si mir awer ganz besonnesch frou, datt mir mat dësem Zil konform sinn zu der Recommandatioun vun der Wëssenschaft, mir si konform zum Paräisser Accord."
Nëmmen duerch eng Limitéierung vun der Äerderwiermung kéint och d'Liewensqualitéit an Europa erhale bleiwen, esou den CSV-Minister. Doriwwer eraus kënnt awer och e wirtschaftleche Facteur dobäi.
"Mir si frou, well mat dësem Zil kréien eis Betriber, eis Ekonomie eng Planungssécherheet, fir elo kënnen hir Investitioune weider ze dreiwen a Richtung Dekarboniséierung."
Lëtzebuerg wëllt d'Vermëttlerroll weider iwwerhuelen a viséiert, datt een all d'Memberstaaten u Bord kritt mam Zil, den Objektiv vu Minus 90 Prozent un Zäregase bis 2040 ze erreechen. Ass dann een Accord méiglech? De Minister Serge Wilmes ass dovunner iwwerzeegt, datt een eng Zweedrëttelmajoritéit kann erreechen.
"A mir wäerten, esou wéi mir et bis elo schonn ee Joer laang gemaach hunn, och hëllefen ze vermëttelen tëschent der Kommissioun, tëschent de Memberstaaten, déi méi skeptesch sinn. An ech sinn awer iwwerzeegt, wa mir och wierklech da kënnen a Rou an iwwer déi Flexibilitéite schwätzen, datt mir och eis Memberstaaten alleguerte mat de Bord kënne kréien, fir Richtung 2040er Zil zesummenzegoen."
All Land muss seng Efforte maachen
Vun 2036 u wäert et méiglech sinn, 3 Prozent vum Gesamtzil ënner der Form vu sougenannten CO2-Kreditter um internationalen Niveau ze erreechen, andeems ee Projete baussent der EU matfinanzéiert. Eng Flexibiliséierung, déi virun allem vu Frankräich, Italien a Pole gefuerdert gëtt.
Lëtzebuerg hat dat net gefuerdert, esou de Serge Wilmes.
"Elo kann dat eng Propos sinn, déi d'Kommissioun elo och mol an d'Ronn geheit huet, datt ee gewëssen CO2-Kreditter kéint international sech dann och urechne loossen. Mee do gëtt et e strikte Kader, dat ass de Paräisser Accord. An dat kéint nëmmen a ganz bestëmmte Konditiounen iwwerhaapt ugerechent ginn. An dat kéint kee Staat entbannen, awer seng national Efforten ze maachen, fir d'CO2-Emissiounen erofzesetzen. An dat ass och eis Positioun."
No der Decisioun vun der EU-Kommissioun geet et Mëtt Juli dorëms um informelle Conseil vun den Ëmweltministeren doriwwer ze diskutéieren, an den 18. September géifen um Ëmweltconseil Decisioune getraff ginn. Duerno muss d'EU-Parlament doriwwer ofstëmmen.