arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mouvement écologique kritiséiert déi zwee CSV-Europadeputéiert wéinst hirem Vott

Klimapolitik

|
headphones

1 min

Mouvement écologique kritiséiert déi zwee CSV-Europadeputéiert wéinst hirem Vott

Schaarf Kritik kënnt haut um Freideg vum Mouvement écologique um Vott vun den zwee CSV-EU-Deputéierte Martine Kemp an Isabel Wiseler. Déi hätte mat hirem Vott garantéiert, datt ausgerechent rietsextrem Klimaskeptiker de wichtegsten Dossier vum Klimaschutzgesetz u sech gerass hätten.

headphones

1 min

© European Union
(Foto: European Union)

De facto géifen déi Lëtzebuerger CSV-EU-Deputéiert domadder rietsextrem Parteien a Klimaleugner ënnerstëtzen, esou de Mouvement écologique.