Annerhallef Woch huet d’Europäesch Unioun nach Zäit, fir d’Klimazil ze definéieren, mat deem d’EU sech vum 10. November a Brasilien op der Internationaler Klimakonferenz presentéiert.
Last-Minute-Accord steet nach op der Kipp
D’Ëmweltministeren aus de 27 EU-Länner wëllen den nächsten Dënschdeg een Accord fannen iwwer een europäescht Klimazil bis 2035, respektiv 2040.
Ob dat klappt, ass awer net kloer. D’Diskussiounen um EU-Sommet Enn där leschter Woch hu gewisen, datt d’Meenungen deels nach wäit ausenee ginn.
Um Mëttwoch kommen zu Bréissel d’EU-Ambassadeuren zesumme fir déi Reunioun vun den Ëmweltministeren ze preparéieren. Um Dësch läit eng Propos fir ee Kompromëss, mat där déi dänesch EU-Presidence hofft, de Knuet opzemaachen.
International CO2-Kreditter: Wéi vill sinn der erlaabt?
Déi Propos kënnt a ville Punkten deene Länner entgéint, déi engem Klimazil just da wëllen zoustëmmen, wa méiglechst vill Flexibilitéiten agebaut ginn.
Dozou gehéiert et, international CO2-Kreditter anzekafen, fir den nationale Klimabilan opzebesseren. Déi Contributioun misst op 3 Prozent limitéiert sinn, hat et a fréieren Texter geheescht. Elo nennt déi dänesch EU Presidence keng Limitt méi a schwätzt vun enger “adequater” Contributioun, déi CO2-Kreditter kéinte leeschten, fir d’Klimazil vu minus 90 Prozent Emissioune bis 2040 (par rapport zu 1990) ze erreechen.
Dat kéint der Méiglechkeet, sech fräizekafen, méi Plaz ginn. Eppes, wat Klimaschutz-Organisatiounen an och verschidden EU-Länner ëmmer kritiséiert hunn, anerer Länner par contre explizit gefuerdert hunn.
Evaluatioun all zwee Joer
Proposéiert gëtt och, datt d’Ëmsetze vun den Ziler all zwee Joer evaluéiert gëtt, an datt een do nieft deenen neiste wëssenschaftlechen Erkenntnisser an technologesch Entwécklungen och d’Erausfuerderunge fir d’Kompetitivitéit vun der EU mat consideréiere muss. Och dat mécht d’Dier op, fir d’Ambitiounen am Klimaschutz zu Gonschte vun ekonomeschen Iwwerleeungen erofzeschrauwen.
Déi dänesch EU-Presidence hofft elo, datt dësen Text d’Basis ass fir een Accord op der Reunioun vun den EU-Ëmweltministeren den nächsten Dënschdeg zu Bréissel.