arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Serge Wilmes: Premier Luc Frieden huet ee kloert Mandat

ViRUM EU-SOMMET

|
headphones

3 min

Serge Wilmes: Premier Luc Frieden huet ee kloert Mandat

D’EU ass sech net eens iwwer Klimaziler. Doriwwer soll um EU-Sommet diskutéiert ginn. Op der Reunioun vun den Ëmweltministeren zu Lëtzebuerg sinn d’Meenunge weider auserneegaangen. D’Lëtzebuerger Regierung huet eng kloer Positioun, esou den Ëmweltminister Serge Wilmes.

headphones

3 min

© European Union
(Foto: European Union)

D’Ministere wäerten haut um Dënschdeg nach d’Positioun vun der EU definéieren, déi dann op der Klimakonferenz am November a Brasilie soll vertruede ginn.

Wat si bis elo net fäerdeg bruecht hunn: Ee Klimazil bis 2035 fixéieren. Dat Zil soll op der Basis vun deem fir 2040 ausgerechent ginn, mee eben doriwwer ass ee sech net eens ginn.

2040er Zil wichteg fir Credibilitéit vun der EU

Ouni een Zil fir 2040 kann d’EU net dat anhalen, wat ee sech a punkto Klimaschutz virgeholl huet, seet de Lëtzebuerger Ëmweltminister Serge Wilmes. D’EU misst wat de Klimaschutz ugeet, credibel bleiwen,

"An dat si mir am Moment net, well Europa nach net fäerdegbruecht huet sech ze eenegen op en 2040-Zil, wat mir awer mussen, well mir wëlle gär 2050 klimaneutral sinn. Da feelt also 2040, a fir Lëtzebuerg ass do kloer, dat muss minus 90 sinn."

Lëtzebuerg war dofir, dat esou festzehalen, mee verschidde Länner - dorënner Frankräich, Däitschland an Italien - hu gebremst an de Sujet op d’Chefetage verwisen.

Onkloerheet iwwer däitsch Positioun

An Däitschland gouf et scho Rumeuren, de Kanzler Friedrich Merz kéint sech op d’Säit vun deene stellen, déi guer kee Klimazil fir 2040 méi wëllen zeréckbehalen. Virun der Reunioun um Kierhcbierg goud et allerdéngs eng kloer Auso vum SPD-Ëmweltminister Carsten Schneider.

"Nein, das wird er nicht tun. Im Rat wird nicht entschieden. Die Haltung der Bundesrepublik Deutschland ist eindeutig und abgestimmt."

Serge Wilmes: Dynamik um EU-Sommet net virauszegesinn

D’Lëtzebuerger Regierung huet ee kloert Mandat, esou de Serge Wilmes. Ass den Ëmweltminister sécher, datt de Premier Luc Frieden sech bei den Diskussiounen um EU-Sommet en Donneschdeg dorun hält?

"Absolut, well et ass d'Mandat, wat d'Lëtzebuerger Regierung sech selwer ginn huet. An op där anerer Säit: Mir wëssen net, wat fir eng Dynamiken op sou engem Conseil kënnen entstoen, mee mir hunn awer eng kloer Linn hei als Lëtzebuerger Regierung, déi mir och wäerte weiderfueren. Mir wëssen natierlech dat heiten: Mir mussen eng Majoritéit herno vu Memberstaaten och kënne federéiere ronderëm dat Zil."

D’Ëmweltministere sollen op en Neits de 4. November, also kuerz virun der Klimakonferenz doriwwer diskutéieren, mat den Instruktioune vun de Staats- a Regierungscheffen an der Täsch.

Haaptsächlech Frankräich hätt haut méi flexibel Reegele gefrot, esou e Serge Wilmes

Lëtzebuerg fir méi Flexibilitéit

An engem Bréif un d’EU-Leaderen zielt d’Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen e puer Punkten op, déi den Zweiweler entgéint komme kéinten. Dorënner deen, duerch international CO2-Kreditter säin eegent Klimazil erofzesetzen. D’CDU-Politikerin annoncéiert doran och, datt d’Emissiounsnorme fir Autoen iwwerpréift solle ginn.

De Serge Wilmes huet déi Offer ausdrécklech begréisst. Lëtzebuerg wier dofir, d’Konditiounen dofir ze schafen, fir datt d’Bedenke vun anere Memberlänner kënnen aus dem Wee geraumt ginn.

Warnung vun iwwer 2.000 Wëssenschaftler:innen

Virum EU-Sommet warnen iwwerdeems iwwer 2000 Wëssenschaftler aus ganz Europa virdrun, elo kee Klimazil fir 2040 ze fixéieren. Dat Zil misst op mannst eng Reduktioun vun CO2-Gaser vun 90 bis 95 Prozent virschreiwen, esou d’Fuerscher an engem oppene Bréif.

D’Donnée kéinten net méi kloer sinn: Wann een den Delai fir Klimaschutz-Mesuren elo no hanne verleet, géingen net nëmmen d’Ziler, iwwer déi ee sech weltwäit eens gouf, net agehale ginn, mee d’EU géif och hir Kompetitivitéit op d’Spill setzen.