arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU-Parlament verwërft Gesetz fir eenheetleche Bësch-Monitoring

BËSCH-GESETZ GEKIPPT

|
headphones

2 min

EU-Parlament verwërft Gesetz fir eenheetleche Bësch-Monitoring

D’Oppositioun fir dat Gesetz kënnt haaptsächlech aus de Reie vun de Konservativen a rietsextreme Parteien. D’CSV-Europadeputéiert hu sech der Parteilinn vun der Europäescher Vollekspartei widdersat an net géint d’Gesetz gestëmmt.

headphones

2 min

Mat 370 Jo- zu 264 Nee-Stëmmen huet d’Europaparlament um Dënschdegmëtteg ee geplangten europäescht Gesetz fir d’Iwwerwaache vun de Bëscher an der EU verworf. 

D’Europäesch Kommissioun hat dat Gesetz scho virun zwee Joer proposéiert.

Et gesäit ënner anerem vir, den Zoustand vun de Bëscher an der EU iwwer ee standardiséierte System ze erfaassen, fir op där Basis adequat Mesurë géint de Klimawandel ze huelen.

Oppositioun aus EVP, Riets-Konservativen a Rietsextremen

De bürokrateschen Opwand vum Gesetz wier ze grouss, esou d’Fraktioun vun den Europäescher Vollekspartei, der EVP, an engem Communiqué, mat der Iwwerschrëft “Lasst die Förster die Wälder schützen - ohne Bürokratie”.

D’Majoritéit vun den 370 Europadeputéierten, déi d’Gesetz verworf hunn, huet sech haaptsächlech aus Membere vun der EVP, Riets-Konservativen a Rietsextremen zesummegesat.

D’Haltung vun der EVP, sech an dësem Dossier mam rietse Bord vum Europaparlament zesummen ze dinn, gouf vu pro-europäesche Parteie kritiséiert.

Martine Kemp an Isabel Wiseler-Lima net op EVP-Linn

Déi zwee Europadeputéiert vun der CSV, d’Martine Kemp an d’Isabel Wiseler-Lima, déi och Member vun der EVP sinn, hunn iwwerdeems d'Parteilinnen net suivéiert. 

Si hunn net dofir gestëmmt, d’Gesetz ze verwerfen. Vun de Lëtzebuerger EU-Deputéiert war just de Fernand Kartheiser vun der ADR dofir, d'Gesetz falen ze loossen.

Et ass elo un der Europäescher Kommissioun ze decidéieren, wéi et mam Dossier virugeet.