arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Substanz Flutolanil soll op EU-Niveau verbuede ginn

Eiwegkeetschemikalie

|
headphones

2 min

Substanz Flutolanil soll op EU-Niveau verbuede ginn

D‘Mëttel gëtt an der Pilzbekämpfung agesat. Et suergt der Lëtzebuerger Ëmweltorganisatioun Mouvement écologique no besonnesch staark fir eng Belaaschtung vun der Ëmwelt, och hei am Land.

headphones

2 min

picture alliance / CHROMORANGE | Michael Bihlmayer | © picture alliance / CHROMORANGE | Michael Bihlmayer
Symbolbild (Foto: picture alliance / CHROMORANGE | Michael Bihlmayer)

De Mouvement écologique appelléiert an deem Kontext un déi lëtzebuergesch EU-Deputéiert, d‘Kommissioun beim Duerchsetze vum Verbuet ze ënnerstëtzen. 

D’EU-Kommissioun huet eng Proposen op den Dësch geluecht, fir d’Zouloossung vu Flutolanil net méi ze erneieren. An der Zouloossungsprozedur gouf TFA als Haaptofbauproduit vu Flutolanil a Kulturplanzen identifizéiert. TFA - kuerz fir Tri-Fluor-Essegsaier - ass Bestanddeel vun Herbiziden oder och Killmëttel an der Landwirtschaft, der Industrie oder a Verbrennungsmotoren.

Substanz bleift quasi eiweg an der Ëmwelt 

Déi sougenannt Eiwegkeetschemikalie baut sech net of a bleift deemno fir Generatiounen an der Ëmwelt. De Moleküll gouf zejoert am Kader vun Analyse vum ONG-Netzwierk Pesticide Action Network Europe (PAN Europe) an alle Waasserprouwen aus 10 EU-Länner fonnt. Dorënner och zu Lëtzebuerg.

D’Leitungswaasser an esouguer verschidden Zorte Fläschewaasser waren och kontaminéiert. D’Gesondheetsrisike vun TFA sinn ëmstridden, ënner anerem well et aktuell nach net vill toxikologesch Studien dozou gëtt. Méi rezent Etuden deiten allerdéngs drop hin, datt TFA méiglecherweis kéint d’Fortplanzungsfäegkeet oder d’Entwécklung vum Nowuess bei Mënsch an Déier beanträchtegen.

Den nächsten Dënschdeg a Mëttwoch soll am permanente Comité fir Planzen, Déieren, Liewens- a Fuddermëttel vun der EU iwwert d’Propose vun der EU-Kommissioun diskutéiert ginn. Flutolanil géif och zu Lëtzebuerg a grousse Quantitéiten agesat ginn, schreift de Mouvement écologique an engem oppene Bréif un d’Landwirtschaftsministesch Martine Hansen an un d’Gesondheetsministesch Martine Deprez.

Lëtzebuerg sollt déi Propos ënnerstëtzen, fuerdert d’Ëmweltorganisatioun. Parallel sollt d’Regierung d’Zouloossung vu sämtleche Pestiziden, déi PFAS-Chemikalien enthalen, zeréckzéien an sech och op EU-Niveau fir e generelle Verbuet vun dëse Substanzen asetzen.