Eng vun dëse Flexibilitéite soll beispillsweis d'Méiglechkeete sinn, fir CO2-Certificaten och baussent dem Kontinent ze kafen. Deemno kéinte fënnef Prozent vun de 90 Prozent duerch esou Akeef erreecht ginn.
Delokalisatioun vum Kampf géint de Klimawandel
Emwëltschutzorganisatioune kritiséieren dëse Mechanismus a schwätze vun enger Delokalisatioun vum Kampf géint de Klimawandel. D'EU läit beim Zäregas-Ausstouss ganz wäit hanner dem Spëtzereider China, den USA an Indien.
Am Ganzen ass d'EU responsabel fir 6 Prozent vun de weltwäiten Emissiounen. D'EU gehäit sengen internationale Partner dowéinst vir, net genuch Efforten am Kampf géint de Klimawandel ze maachen.
De Januar dëst Joer ass iwwerdeems weltwäit de fënnef wäermste Januar jeemools, esou den EU-Klimaobservatoire Copernicus. Dat obwuel et an der nërdlecher Hemisphär eng Kal-Front gouf. Op der südlecher Äerdhallschent gouf et allerdéngs Hëtzerekorder – notamment an Australien.