Radioen

On air

Kultur um 5  |  Unlearn

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU-Klimapolitik: Wéi kompatibel si Klimaziler an Industrie-Kompetitivitéit?

AUSBLÉCK 2025

EU-Klimapolitik: Wéi kompatibel si Klimaziler an Industrie-Kompetitivitéit?

Aus dem europäesche "Green Deal" gëtt an där neier EU-Kommissioun de "Clean Industrial Deal". Eng vun de grousse Froe fir 2025 wäert sinn, ob d'EU et fäerdeg bréngt, un hiren ambitiéise Klimaziler festzehalen a gläichzäiteg dofir suerge kann hir Industrie méi kompetitiv ze maachen.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

© Adobe Stock play_arrow
Foto: Adobe Stock

Déi nei Kommissioun huet den 1. Dezember mat hirer Aarbecht ugefaangen. Bannent den éischten 100 Deeg, also bis spéitstens den 10. Mäerz, sollen eng Partie vun den EU-Kommissäre Proposen oder Pläng op den Dësch leeë mat de grousse Linne vun der europäescher Politik an deene verschiddene Secteuren.

Clean Industrial Deal: 4 EU-Kommissär:inne sinn zoustänneg

Bei enger ganzer Partie wäert et dorëms goen, d'EU méi kompetitiv ze maache par Rapport zur weltwäiter Konkurrenz. Aus dem europäeschen "Green Deal", dem grousse Pak mat Klimaschutzmesuren, gouf de "Clean Industrial Deal". Fir deen Deal sinn an der neier Kommissioun direkt 4 verschidde Kommissären zoustänneg.

Wéi den Numm et seet, stinn d'Conditioune fir Investitiounen am Beräich Klimatechnologien, genee wéi d'Kompetitivitéit vun den Entreprisen an deem Secteur am Fokus. Konkret sollen d'Prozedure fir Subventioune vereinfacht ginn, ee Gesetz iwwer Kreeslafwirtschaft proposéiert ginn, an eng Strategie fir d'Bio-Ekonomie virgeluecht ginn.

Green Deal gëtt a Fro gestallt

D'Parteien um rietse Bord am Europaparlament, mee och déi gréisste Fraktioun vun der Europäescher Vollekspartei, stellen déi an hiren Aen ze streng Mesurë vum Geen Deal a Fro. Déi europäesch Industrie géif hei Plomme loossen, esou hir Kritik.

Net um Green Deal festzehale wier falsch, seet déi gréng Europadeputéiert Tilly Metz.

“Ech mengen, et wier ee fatale Feeler fir d'Ëmwelt, fir d'Wirtschaft, mee fir eis Zukunft tout court, wa mir géifen a puncto Green Deal zeréckrudderen. Inaktioun gëtt eis a Moyen an à long terme vill, vill, vill méi deier, an de Klimawiessel féiert och zu immense gesondheetleche Problemer. Ech mengen, et ass immens wichteg, datt mir do um Ball bleiwen."

EVP wäert eng zentral Roll spillen

Déi grouss pro-europäesch Koalitioun am Europaparlament wëllt am Fong um Green Deal festhalen. Ob dat an der Realitéit ëmgesat gëtt, wäert an der Haaptsaach un der Europäescher Vollekspartei leien, seet den LSAP-Europadeputéierte Marc Angel

"Wa si sech net drun halen, wann dat oft virkënnt, da musse mir allkéiers denoncéieren, wéi si ofstëmmen, mat wiem si ofstëmmen, wat dat fir Konsequenzen huet. A wann et ze bont gëtt, da musse mir op ville Felder wierklech haart Oppositiounspolitik maachen."

Déi nei EU-Industriepolitik soll begleet ginn duerch ee Gesetz, dat d'Dekarboniséierung vun der Industrie acceleréiere soll. Dat Gesetz soll net forcement bannent 100 Deeg, mee nach am Joer 2025 um Dësch leien.

Lauschterenplay_arrow

An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.