Am Accord gëtt op d‘Fräiwëllegkeet vun de Länner gesat, fir Mesuren a Saache Klimaschutz ze acceleréieren.
Eng batter Wouerecht
Et sollt d'COP vun der Wouerecht ginn, esou de Serge Wilmes am 100,7-Interview. D'Wouerecht fir awer déi, datt aktuell just kleng Schrëtt géinge gemaach ginn, a keng Spréng no vir.
"Am Text steet net dran, datt mir aus de fossillen Energië sollten erausklammen. Dat steet net explizitt dran. Et gëtt och kee Plang dofir, deen an deem Text virgesinn ass. Et ass just esou, datt et verklausuléiert dra steet, an dat ass natierlech net dat, wat d'Europäesch Unioun gär gehat hätt."
An enger éischter Reaktioun sot de Lëtzebuerger Ëmweltminister Serge Wilmes, den Accord wier dowéinst net dat, wat Lëtzebuerg an d‘EU sech gewënscht hätten.
"Am Moment kënne mir als Weltgemeinschaft net méi maachen, wéi just e klenge Schrëtt zur Säit hin, awer net wierklech e richteg grousse Schrëtt, dee mir gebraucht hätten no vir, well ech mengen, d'Zäit leeft eis jo och fort. Mir musse méi séier kënnen eis eenegen op Mesuren a konkrete Plang, fir eraus aus de fossillen Energien als Weltgemeinschaft dann ze klammen."
EU a Lëtzebuerg weise sech solidaresch
Et géing un enger klorer Linn an engem konkreten Enddatum feelen, esou den CSV-Minister, dee fir Lëtzebuerg a Brasilie war.
Lëtzebuerg an d‘EU hätten deen Accord awer matgestëmmt, well d‘EU wéilt, datt d‘Klima-Aktioun weltwäit weider geet. A well d‘EU op der Säit vun de Länner steet, déi am meeschte vum Klimawandel betraff sinn, esou nach de Serge Wilmes am 100,7 Interview.
"Firwat mir dann awer am Enn prett sinn, deem Text zouzestëmmen, ass, datt mir gären hätten, datt d'Klimaaktioun weltwäit weidergeet, an datt mir och ganz kloer op der Säit sti vun deene schwächste Länner vun der Welt, déi haut schonn am meeschten och ënner dem Klimawandel leiden, wéi zum Beispill d‘Inselstaate weltwäit oder Latäinamerika."
Dës Länner solle mam Accord méi finanziell Mëttel zur Verfügung gestallt kréien, fir sech op klimafrëndlech Technologien ëmzestellen a sech un de Klimawandel unzepassen.
Och Greenpeace Lëtzebuerg net zefridde mam Ausgang vun der COP
D‘Ëmweltschutzorganisatioun Greenpeace Lëtzebuerg weist sech och enttäuscht iwwer d‘Resultat vun der Weltklimakonferenz. Bei den dräi wichtegste Punkten – de fossillen Energien, der Zerstéierung vun de Bëscher, an dem Finanzement fir d‘Entwécklungslänner – wiere keng bedeitend Fortschrëtter erreecht ginn, schreift Greenpeace Lëtzebuerg an engem Pressecommuniqué.
De Kompromëss, deen ugeholl gouf, géif ganz kloer net genuch Ambitioune weisen, an och keng Feuille de route uginn, fir d‘Zil vun enger maximaler Äerderwäermung vun 1,5 Grad nach kënnen anzehalen.