Ee Changement an dësem Beräich wier, datt d'Regierung déi budgetär Envelopp "considerabel" géif an d’Luucht setzen, erlkäert de Serge Wilmes no der Sitzung.
"Dat hu mer jo scho viru Baku decidéiert gehat, virun der COP vum leschte Joer. Mir sinn amgaangen awer elo déi Strategie, déi jo och drun hänkt un der internationaler Klimafinanzéierung, op de Leescht ze huelen. Mee wat ganz wichteg fir dës Regierung ass, datt mer vill méi Synergien och sichen tëschent deenen dräi COPen."
De Serge Wilmes erkläert, datt d'Investitiounen an Zukunft ëmmer erëm dräi Voleten zesumme behandele sollen. Nämlech de Klimawandel, d'Biodiversitéit an och de Landverbrauch. Dat wier eng vun de groussen Ännerungen, esou den Ëmweltminister Serge Wilmes am 100,7-Interview.