arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Europaparlament stëmmt Klimagesetz

bis 2040

|
headphones

1 min

Europaparlament stëmmt Klimagesetz

D’Europaparlament huet iwwert dat neit Klimagesetz mam Klimazil bis 2040 ofgestëmmt. D’Parlament schwätzt sech ewéi d’Memberlänner dofir aus, datt CO2-Emissioune bis 2040 ëm 90 Prozent musse reduzéiert ginn. D’Detailer mussen elo nach tëschent Parlament a Memberlänner verhandelt ginn. 

headphones

1 min

D’Majoritéit ass iwwerdeems dofir de Länner gewëss Flexibilitéiten zouzegestoen, um Wee fir dat Zil ze erreechen. 

Wat dat ëmstriddent Deforestatiounsgesetz ugeet, huet sech d’Europaparlament iwwerdeems fir eng acceleréiert Prozedur ausgeschwat. Enn November soll iwwert d’Positioun zur neier Propose vun der Europäescher Kommissioun ofgestëmmt ginn. 

Verschiddene Memberlänner, dorënner Lëtzebuerg, geet déi Propos net wäit genuch.