Et ass eng Absichtserklärung, wéi d'Reduktioun vun den Zäregase sech bis 2035 soll entwéckelen. Et gouf ee sech iwwer eng Forschette eens, déi tëschent 66 an 72 Prozent Reduktioun virgesäit, vun deem wat d'Emissiounen zënter 1990 waren.
Et sinn och nëmmen Intentiounen, a kee festen Engagement. Am Communiqué vum Lëtzebuerger Ëmweltministère heescht et nach, dëst wier en Zäit- a Credibilitéitsverloscht. An deem wichteg Decisiounen no hanne verréckelt goufen, géif een d'Bierger:innen enttäuschen, den Entreprisë schueden, an d'Vertraue baussent der EU verléieren, gëtt de Serge Wilmes am Communiqué zitéiert.
D'Propos fir dee Kompromëss kennt vun der dänescher EU-Presidence. E war néideg, fir eng Blamage ze verhënneren. D'nächst Woch soll d'EU-Kommissiounspresidentin Ursula vun der Leyen déi europäesch Visiounen zu New York vertrieden, um Bord vun der UN-Vollversammlung. Dat am Virfeld vun der COP 30, der UN-Klimakonferenz, déi den 10. November a Brasilien ufänkt.