arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerg wëll gläichzäiteg Bëscher schützen an administrativen Opwand reduzéieren

EU-Deforestatiounsgesetz

|
headphones

1 min

Lëtzebuerg wëll gläichzäiteg Bëscher schützen an administrativen Opwand reduzéieren

Den Ëmweltminister Serge Wilmes (CSV) weist d’Kritik vu Greenpeace an natur&ëmwelt zréck, déi seng Fuerderung no Ausnamen am EU-Deforestatiounsgesetz kritiséiert haten. D’Organisatioune gesinn doran eng Gefor fir de Kampf géint global Deforestatioun a Biodiversitéitsverloscht.

headphones

1 min

© European Union
(Foto: European Union)

An enger Reaktioun op déi Kritik widderhëlt de Serge Wilmes am 100,7 Interview d‘Argument, wat och d‘CSV Landwirtschaftsministerin Martine Hansen genannt huet: Lëtzebuerg wéilt d‘Bëscher schützen, mee gläichzäiteg de bürokrateschen Opwand fir landwirtschaftlech Betriber reduzéieren. 

D‘Ëmweltorganisatioune soen, den zousätzlechen Opwand wier net bedeitend, d’Betriber misste just eng Deklaratioun pro Joer areechen. Dem Serge Wilmes no, wier d’Ëmsetzung vum Gesetz awer nach net kloer definéiert. Hie wier a Kontakt mat der EU-Kommissioun a géif op Vereinfachungen hoffen. Zousätzlech géif Lëtzebuerg eng Ënnerschrëften-Aktioun plangen, fir mat aneren EU-Länner Ausnamen ze erreechen.