arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mouvement écologique: "Regierung verschéinert de Klimabilan"

Kritik un der Klimapolitik

|
headphones

1 min

Mouvement écologique: "Regierung verschéinert de Klimabilan"

De Mouvement écologique mécht sech Suergen, datt d‘Klimaziler hei zu Lëtzebuerg net wäerte kënnen erreecht ginn. D‘Regierung géif de Klimabilan verschéineren an d‘Reduktioun vun den CO2-Emissiounen a Wierklechkeet erauszögeren, esou d‘Ëmwelt-ONG an engem Communiqué.

headphones

1 min

Fakt wier, datt déi klimaschiedlech Zäregasen an zentrale Secteuren an de leschte Jore erëm géifen zouhuelen. Virun allem an der Industrie a bei de Gebaier wieren d‘CO2-Emissiounen an de leschten 10 Joer ëm 20 Prozent geklommen. Et wier eng ganz alarmant Situatioun an d‘Regierung géif net genuch maachen. De Mouvement écologqiue fuerdert d‘Regierung op, datt de Klimaschutz endlech misst eng Prioritéit ginn.