arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerg erreecht an dräi Beräicher seng Ziler fir d'Zäregasemissiounen net

Mouvement écologique

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Lëtzebuerg erreecht an dräi Beräicher seng Ziler fir d'Zäregasemissiounen net

Den Ëmweltministère hat gëschter um Freideg an engem Communiqué geschriwwen, datt een den Niveau vun den CO2-Emissiounen erreecht hätt déi fir 2024 festgeluecht goufen. Fir de Mouvement écologique ass de Bilan vun den Emissiounen awer a verschidde Beräicher erschreckend.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Am Ganze gi bei den Zäregasenemissioune 5 Beräicher ënnert d’Lupp geholl, an dräi Secteure verfeelt de Grand-Duché d‘Ziler. Dat wier de Fall am industrielle Beräich wou d’Emissiounen 38 Prozent méi héich waren wéi dat wat am Reduktiounsplang virgesi war, bei de Gebaier, grad ewéi am Beräich vum Ofwaasser ginn d’Ziler och net erreecht, kritiséiert d’Ëmweltorganisatioun. Dobäi gouf et och nach zejoert kee wirtschaftlechen Opschwong, ënnersträicht d’Presidentin vum Mouvement écologique. Déi aktuell Entwécklung wier och net gutt fir d’Ekonomie, betount d’Blanche Weber.

"Eigentlech ass et och en Desaster wéi eng Ekonomie. Well mëttlerweil ass bekannt, datt d'Transitioun vun der Ekonomie, en immens wichtegen, also Transitioun a Richtung CO2 -Neutralitéit, en immense Wettbewerbsvirdeel ass (…)."

Mouvement écologique: Léiwer renovéieren, wéi nei bauen

Am Beräich vun de Gebaier insistéiert de Mouvement écologique fir bestoend Gebaier ze renovéieren a Plaz se ofzerappen an nei drop ze bauen, dëst wëll beim Neibau eng sougenannte gro Energie entsteet, duerch de Verbrauch vun ënnert anerem Bëton. Tëscht 10 a 15 Prozent vun de Wunnengen hei am Land stéingen eidel, an et kéint een engersäits duerch d’Renovatioun neie Wunnraum schafen, an dem Handwierk Aarbecht ginn, ouni nei Terrainen ze versigelen. Eng Ausso vum Logementsminister Claude Meisch gëtt an deem Zesummenhang vum Mouvement écologique schaarf kritiséiert, d’Blanche Weber:

"Elo huet den Här Meisch jo tatsächlech dës Woch an engem Interview gesot, ob d'Fro hien, ob hie géing éischter nei bauen oder renovéieren, huet hie gesot, ech géing éischter nei bauen, da kann ech plange wéi ech wëll. Mir waren entsat."

Neibau vu Flughafe wier eng Katastroph

Kritik gëtt et vum Blanche Weber awer och wéinst den Aussoe vun der Mobilitéitsministerin Yuriko Backes zur Entwécklung vum Findel. Wéinst der Hausse vun der Zuel vun de Passagéier bräicht ee längerfristeg een neie Flughafen, dat géif och an déi falsch Richtung goen, bedauert d’Blanche Weber.

Och wann déi Emissioune Lëtzebuerg net ugerechent géife ginn, wier dat klimapolitesch eng Katastroph. Der Regierung géif d‘Grondverständnis fir dësen Challenge feelen.

Am Beräich Transport géif d’Regierung och net déi néideg Politik féiere fir d’Elektromobilitéit ze fërderen, bedauert d’Blanche Weber.

De Verkaf vun Elektrogefierer wier réckleefeg, an d’Regierung misst analyséieren u wat dat hänkt. D’Erofsetze vun de Subventioune wier bestëmmt ee vun de Grënn, betount d’Blanche Weber.

play_arrow Lauschteren