Observatoire vun der Klimapolitik: Lëtzebuerger si gutt iwwer de Klimawandel informéiert
Fir d'Interimspresidentin vum Observatoire vun der Klimapolitik sinn d'Lëtzebuerger gutt iwwert de Klimawandel informéiert a si schwätze sech och däitlech fir Mesurë fir de Klimaschutz aus. D'Sabine Dörry vum Fuerschungsinstitut Liser seet am 100,7-Interview d'Lëtzebuerger Populatioun hätt "absolut den Eescht vun der Situatioun erkannt".
An enger Ëmfro mat iwwer 6.000 Befrote sote sech 77 Prozent domat averstanen, datt de Klimawandel wëssenschaftlech beluecht a virun allem vum Mënsch provozéiert ass. 9 Prozent sinn net domat averstanen.
D'Interimspresidentin vum Observatoire vun der Klimapolitik fënnt et tragesch, datt net jiddereen d'Erkenntnisser aus der Wëssenschaft acceptéiert. Mee dorop kéint ee keng Récksiicht huelen, an et wier "domm" dowéinst näischt ze ënnerhuelen. Et wier awer wichteg, d'Klimaschutzmesuren no soziale Krittären auszeriichten.