Radioen

On air

Tockcity  |  Cuco, Jean Carter - My 45

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ass de Grand-Duché op d’Konsequenze vum Klimawiessel virbereet?

Biergeratelieren

Ass de Grand-Duché op d’Konsequenze vum Klimawiessel virbereet?

Bis Mëtt Mee gi Biergeratelieren organiséiert, fir um lokale Plang d’Leit ëm een Avis ze froen, wéi ee sech besser un de Klimawiessel upasse kéint. Een Atelier gouf et zu Stengefort, wou eng vun de Conclusioun déi war, datt een nach net prett ass fir op sëllege Probleemer ze reagéieren.

auto_stories

3 min

headphones

4 min

© Commune de Steinfort play_arrow
(Foto: Commune de Steinfort)

Den Ëmweltministère ass am gaangen, ee Strategiepabeier iwwer d’Upassung vun de Klimawiessel ze komplettéieren. An enger éischter Phas goufen et interministeriell Consultatiounen. Duerno goufe 7 Workshoppe mat 300 Experten organiséiert, fir hir Contributiounen zum Theema ze héieren. Sou och rezent zu Stengefort.

Konsequenze gesäit een och scho virun eiser eegener Dier

Sech un de Klimawiessel upassen, mee wéi? Zu Stengefort hunn 21 Bierger, dorënner vill Gemengeconseilleren, sech a 5 Gruppe mat deene Froe befaasst. Um Dësch iwwer d’Reaktioun op akut Situatiounen hat eigentlech jidderee schonn d’Konsequenze vum Klimawiessel ze spiere kritt, wéi de fréiere Schäffe vun der Gemeng Habscht, den Ingo Schandeler, erkläert.

"Ech hunn zum Beispill matgemaach, dass zu Äischen d'Héichwaasser déi ganz Strooss an d'Luucht gesprengt huet, wat ganz schlëmm war fir déi ganz Bevëlkerung. A wou mir als Schäfferot och drënner gelidden hunn a richteg bal gestengegt gi sinn, well och da vu verschiddene Leit gesot gëtt: Dir musst mol e Réckhaltebecken maachen. Mir hu missen dann do politesch Saache maachen, déi eis net gefall hunn, fir dat fäerdeg ze bréngen."

De Klimawiessel concernéiert eis alleguerten, och wann et nach vill Mënsche gëtt déi dorunner zweifelen, bis datt si selwer an der Situatioun sinn, de Norbert Welu, Schäffe vu Käerch.

"Do kenns de vill vun der Tëlee, gesäis et an da sees de, dat geschitt bei eis jo souwisou ni. Wann s de déi éischte Kéier selwer op eemol et gesäis, an datt et bei der viischter Dier ass, da gëss de vläicht e bësse méi waakreg."

Tabutheema Fleeschkonsum

D’Conclusioun vun deem Grupp war kloer: Et huet een Erfarunge gesammelt. Fir d’Zukunft stelle sech awer nach eng ganze Rëtsch u Froen, seet den Norry Schneider vun der Organisatioun CELL, enger ASBL, déi zesumme mam Ministère déi Biergerconsultatioun leed.

"Si mir da prett fir de Worst Case? Si mir koordinéiert? Wësse mir, wat vill Leit da Risk sinn an eiser Gemeng? Wësse mir, wat d'Ofleef sinn? Wie muss wéini wat maachen? Wien huet wat fir eng Responsabilitéit? Wéi ass d'Zesummenaarbecht tëscht dem nationalen Niveau, wou et jo e Krisestab gëtt, engem CGDIS, deen eng national awer eng regional Koordinatioun huet, bis hin an der Gemeng?"

D’Diskussiounen zu Stengefort waren och ganz animéiert, an d’Suggestioune ware breetgefächert.

De Gil Kirchen vun der Ëmweltberodung huet d’Diskussioun ëm d’Ëmwelt d’Natur geleet. Do huet een Tabutheema dominéiert.

"Et ass vill iwwer Fleeschkonsum geschwat ginn. Wat nach een Tabu ass, mee effektiv, de Fleeschkonsum, dat ass vill CO2, dat ass fir d'Klima och keng gutt Saach. Ech wëll keng Moral drasetzen, mee wann een do kéint erofschrauwen, dat wier ee Punkt, dee wichteg ass, mee wou ee sech nach net onbedéngt traut drun ze goen."

Och online kann ee sech mat abréngen

Dréchent, Iwwerschwemmungen, Liewensmëttelproduktioun, Gesondheet oder nach Ëmweltschutz an natierlech och d’Ekonomie an déi sozial Gerechtegkeet goufen am Atelier ugeschwat.

Den Ëmweltministère wäert d’Conclusioune vun den Atelieren an d’Strategie fir d’Upassung un de Klimawiessel integréieren. Déi nächst Biergeratelieren sinn zu Housen an zu Walfer.

Iwwer d’Plattform zesumme-vereinfachen oder iwwer klima.lu kann ee sech och bis Mëtt Mee mat eegene Suggestiounen abréngen.

 

Lauschterenplay_arrow