Déi Associatioun, déi vun der Stad Lëtzebuerg ee Subside kritt, sollt och d'Wäerter vun der Gemeng representéieren. Dat fuerdert d'Stater LSAP an hirer Motioun. Eng Fro vun Ethik, déi och déi gréng Oppositiouns-Conseillère Claudie Reyland Enn Mäerz bei der Diskussioun am Gemengerot genannt hat. Si war dogéint fir der Associatioun Vie Naissante e Subsid ze ginn, well déi sech géint d'Ofdreiwungsrecht ausschwätze géif, sou d'Claudie Reyland.
Maurice Bauer: Eege Meenung soll keen Afloss hunn
All Veräin, deen um Stater Territoire aktiv ass, kann dee Subside extraordinaire vun 2.200 Euro fir e ronne Gebuertsdag kréien.
Fir d'Sozialistin Maxime Miltgen géif een duerch dee Subsid een Zeeche setzen.
“A wann een nämlech engem ëffentlech Gelder gëtt, ass dat och eng politesch Decisioun, well se duerch de Gemengerot geet. An domat ënnerstëtzt ee vun engem indirekt déi Aktivitéiten an d'Handele vun där Organisatioun.”
Den CSV-Schäffe Maurice Bauer fënnt, datt d'Krittäre bis ewell objektiv waren. Et wier eng geféierlech Approche seng Meenung do mat eranzebréngen.
“Ech mengen, mir hunn als Stad Lëtzebuerg eis kloer transparent Reegele ginn. Déi hu bis elo ganz gutt fonctionéiert.”
D'DP-Schäffe Corinne Cahen hat am 100komma7-Interview drop higewisen, datt Vie Naissante och positiv Initiativen hätt. Dat misst een agesinn, och wann ee fir d'Ofdreiwungsrecht ass.
Meenungsfräiheet soll net a Fro gestallt ginn
Eng weider Fuerderung an der Motioun ass, datt d'Conseilleren en Abléck an d'Demandë kréien, déi refuséiert gi sinn. Fir den Tom Weidig vun der ADR wier e méi transparenten administrative Prozess eppes Positives. D'Krittären u Wäerter unzepasse wier senger Meenung no awer eng totalitär Attitude.
D'Maxime Miltgen betount awer, datt ee kengem d'Meenungsfräiheet wéilt ewechhuelen.
“Mir stinn absolutt zu Meenungsfräiheet. Dat steet ausser Fro. An déi Organisatioun soll och net aus dem ëffentlechen Discours ecartéiert ginn. Mee ech fannen einfach, datt een Ënnerscheed besteet tëschent een aus engem Discours ze ecartéieren, an engem ëffentlech Gelder ze ginn.”
Och den David Wagner vun déi Lénk fënnt et nëtzlech, d'Objektivitéit vun de Krittären ze diskutéieren. Fir hie wier et awer och - mat Bléck op déi aktuell Diskussioun ëm Vie Naissante - eng Fro vun Objektivitéit drop opmierksam ze maachen, wat fir gesondheetlech Geforen en Ofdreiwungsverbuet kéint mat sech bréngen.
Umierkung vun der Redaktioun: Dësen Artikel gouf geännert. An enger viregter Versioun stoung de Veräin Vie Naissante géif sech fir e Verbuet ausschwätzen. E schwätzt sech awer eegenen Aussoen no géint e Recht op Ofdreiwung aus, sou wéi et zu Lëtzebuerg gesetzlech gereegelt ass. Ofdreiwunge sollen awer wéi am däitsche Modell stroffräi bleiwen, "nodeems déi betraffe Fra sech iwwer d'Risiken an déi méiglech Hëllefsstellunge berode gelooss huet", esou Vie Naissante.