arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sans-Abrien an der Stad géifen net géint d'Hëtzt geschützt ginn

No der Canicule

|
headphones

1 min

Sans-Abrien an der Stad géifen net géint d'Hëtzt geschützt ginn

Wärend der Canicule vun de leschten Deeg hätt d'Stad Lëtzebuerg näischt ënnerholl fir d'Sans-Abrien ze schützen, dat kritiséiert d‘Associatioun Solidaritéit mat den Heescherten an engem Communiqué.

headphones

1 min

Déi Responsabel an der Stad hätten domat géint hir sozial a sanitär Responsabilitéit verstouss, esou de Virworf.

D'Associatioun fuerdert d'Stad Lëtzebuerg op, direkt e Plan d'Urgence Canicule mat den Associatiounen um Terrain auszeschaffen, esou datt ee prett ass, wann eng nächst Hëtztwell kënnt.