arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Entwécklungen am Conter Gemengerot

Verschäerfte Fronten zu Conter

|
headphones

3 min

headphones

2 min

play_arrow

Entwécklungen am Conter Gemengerot

Zu Conter fannen d'CSV an d'LSAP net méi beieneen. Zwee Méint no der Demissioun vun der LSAP-Schäffe Stéphanie Ansay huet de Koalitiounspartner LSAP nach ëmmer keen neie Schäffe genannt.

headphones

3 min

headphones

2 min

play_arrow
D'Gemengenhaus zu Conter
D'Gemengenhaus zu Conter

D’Stéphanie Ansay hat am Juli argumentéiert, si kéint a wéilt net méi mat der CSV-Buergermeeschtesch Zovilé-Braquet zesummeschaffen. Zënterhier verschäerfe sech d’Fronten.

An engem Bréif vum 21. August, deen dem 100,7 virläit, huet d’CSV d’LSAP "dréngend (ge)bieden, (...) esou séier wéi méiglech d’Neibesetzung vum Schäfferot virzehuelen."

CSV wëllt Opléisung d'un commun accord net unhuelen

Dräi Deeg drop äntwert de President vun der lokaler LSAP-Sektioun de "léiwe Membere vun der CSV Conter", hie wéisst net, wéi eng weider Zesummenaarbecht momentan nach méiglech wier. D’LSAP stéing net méi fir e Schäffeposten an der aktueller Koalitioun zur Verfügung a géif proposéieren, d’Koalitioun d’un commun accord opzeléisen.

Dräi Wochen dauert et bis d’CSV dorop reagéiert: "Wann et de Wonsch vun der LSAP ass, dës Koalitioun ze verloossen", da sollt si déi "eesäiteg Ukënnegung per ageschriwwene Bréif matdeelen", well d’CSV "enger Opléisung mat béidsäitegem Accord net zoustëmme" kéint.

Dee Bréif ass de leschte Freideg erausgaangen a bis gëschter, Méindeg, war nach keng Äntwert do.

DP neie Koalitiounspartner?

Et freet ee sech och, ob eng kënnt. Wéi üblech an esou Situatiounen, hätt d’CSV natierlech gär, datt d’LSAP eleng d’Verantwortung fir d’Enn vun der Zesummenaarbecht iwwerhëlt an domat de schwaarze Péiter kritt. An d’Sozialiste wëlle warscheinlech eeben dat verhënneren.

Muer, Mëttwoch, sollt eng Reunioun vun CSV an DP sinn, déi gouf awer um Méindeg op Initiativ vun der DP verluecht. Dat géif net bedeiten, datt seng Partei eng Zesummenaarbecht mat der CSV géif ausschléissen, sot eis de liberale Conseiller Dali Zhu.

D’DP géif näischt ausschléissen. Also och net eng Dräierkoalitioun, blo-rout-gréng, géint an ouni d’CSV. Mee an deem Zenario bleift d’Politik zu Conter bis Enn dës Joer an der Sakgaass. Eréischt ronderëm de Vott vum Gemengebudget kann den aktuelle Schäfferot da mat engem Mësstrauensvott ofgewielt ginn.

Erklärung vu Jurist: Koalitioun opléisen op Gemengenniveau net méiglech

Iwwerdeems kann ee laut dem Gemengegesetz eng Koalitioun op Gemengenniveau guer net opléisen, erkläert de Laurent Knauf, Jurist um Inneministère. Dat, well et de Begrëff "Koalitioun" guer net am Gesetz virkënnt. Et geet just vun den Terme "Gemengerot" a "Schäfferot" rieds. Dat eenzegt wat also méiglech ass, ass eng Motion de censure géint de Schäfferot. 

Déi ass och réischt géint Enn des Joers méiglech, wann de Budget gestëmmt gëtt, esou d'Erkläerung vum Laurent Knauf.

play_arrow Lauschteren