Bei dëser Reunioun geet et haaptsächlech ëm d’Ëmsetzung vum aktuelle Programm Indicatif de Coopération mam Titel "Entwécklung - Klima - Energie“, deen d’Zesummenaarbecht vun de concernéierte Ministèrë regroupéiert.
Luc Frieden a Japan
De Premierminister Luc Frieden ass vun haut un an nach bis e Freideg fir eng Aarbechtsvisitt a Japan, mat Statiounen zu Tokio an zu Osaka.
Zu Tokio wäert hie säi japaneschen Homolog, de Premier Shigeru Ishiba, treffen, fir en Austausch iwwer aktuell weltpolitesch Sujeten.
An zu Osaka besicht de Premier de lëtzebuergesche Pavillon op der Weltausstellung.