D'Spuerkeess versteet d'Demissioun als Deel vun enger Strategie fir sech anescht opzestellen, fir den Erausfuerderunge vun der Zukunft gerecht ze ginn. D’Spuerkeess huet fir déi Strategie 5 Punkten identifizéiert - zum Beispill d'Resilienz par Rapport zu Attacken.
D’Spuerkeess hätt déi lescht 170 Joer iwwer nei Erausfuerderungen ëmmer gemeeschtert - a wéilt dat och an Zukunft maachen, esou de President vum Verwaltungsrot, de Camille Fohl. An dofir misst een d'Gouvernance an d'Direktioun eeben iwwerdenken, fir déi geplangt Ännerungen ze begleeden. D'Bank hätt sech dann och intern Gedanke gemaach iwwer den Dispositif, deen den Ament do ass.
An zesumme mat der Françoise Thoma wier een zur Conclusioun komm, datt si de Poste vun der Generaldirektesch wäert fir een anere fräimaachen. Dat fir datt de Successeur mat enger neier Ekipp d'Erausfuerderunge vun der Bank kéint ugoen. Rieds goung an deem Kontext och vun engem Generatiounswiessel an engem mëttel- a laangfristege Strategieprozess.
Net vill Aussoe vun der Françoise Thoma selwer zu hirem Récktrëtt
Déi eigentlech Annonce vun der Demissioun huet de President vum Verwaltungsrot, de Camille Fohl, gemaach.
D’Françoise Thoma sot duerno, datt hiert wichtegst Zil ëmmer gewiescht wier, fir am Interessi vun der Bank, hire Leit an hire Clienten ze schaffen an d’Bank an d’Zukunft ze féieren. An dat kéint een op verschiddene Plaze maachen, dofir misst een net Generaldirekter oder Direktesch sinn, esou d’Françoise Thoma. Et wier elo ee "Schlësselmoment" fir d’Bank. A si wéilt Plaz fir nei Kompetenze maachen - fir e puer vun hiren Argumenter ze nennen.
Ob si d'Decisioun schlussendlech ganz eleng getraff huet ass net bekannt. Virun där Fro gouf sech ëmmer nees gezunn.
Der Spuerkeess no huet d'Demissioun näischt mat der Caritas-Affär ze dinn
Als Rappel: D'Spuerkeess hat dëst Joer wéinst Schwäche beim Finanzmonitoring eng grouss Geldstrof vu ronn 5 Milliounen Euro vum Finanzregulateur kritt.
D'CSSF hat eng Kontroll gemaach, nodeems d'Caritas d'lescht Joer Affer vun engem grousse Bedruch gouf. Ronn 50 vun den am Ganzen 61 Milliounen Euro, déi bei der Caritas verschwonne sinn, goufe wärend Méint iwwer Spuerkeess-Konten an d'Ausland transferéiert.
Ee Communicatiounsresponsabelen huet sech gëschter no der Verëffentlechung vun eisem Artikel bei eis gemellt, fir ze ënnersträichen, datt dee Lien net géif existéieren. Dat nodeems déi Responsabel vun der Spuerkeess virun der Press - trotz e puer Nofroe vu Säite vun de Journalisten - eben déi Fro net explizit beäntwert hunn.
Dobäi ass gewosst, datt d’Direktioun sech an de leschte Wochen enger interner Evaluatioun ënnerzunn huet. An datt déi Evaluatioun extra no vir geréckelt gouf wéinst der Geldstrof, déi d’Spuerkeess no der Caritas-Affär krut.
Françoise Thoma wäert der Spuerkeess erhale bleiwen
D'Françoise Thoma wäert elo mol an hirer Funktioun als Generaldirektesch bleiwen, bis ee Successeur fonnt gouf. Bis dohi géif d’Bank och normal operationell bleiwen an et géif och keng Entscheedung opgeschuppt ginn, wéinst der ugekënnegter Demissioun, esou de Camille Fohl.
Hien hofft, datt tëschent Juni a September d’nächst Joer een oder eng Nofollger:in fonnt gouf. Dee Prozess bräicht nämlech eng gewëssen Zäit. Well d’Spuerkeess eng systeemesch Bank ass, muss notamment och Frankfurt, also déi Europäesch Zentralbank, gréng Luucht ginn. Dat gesäit d’Gesetz vun der Spuerkeess vun 1989 esou vir. De Successeur kann iwweregens souwuel een/eng intern vun der Spuerkeess sinn - oder eng/een Extern/en.
Wann de Successeur bis d'Generaldirektioun iwwerholl huet, soll d'Françoise Thoma dann een neie Poste kréien, nämlech als strategesch Beroderin. Si hätt déi Offer ugeholl. Dee Poste gëtt et fir den Ament nach net. E soll un de Verwaltungsrot rattachéiert sinn. An d'Françoise Thoma wäert och dofir remuneréiert ginn, well si och an der neier Roll weiderhin als Fonctionnaire bei der Spuerkeess wäert agestallt sinn.