Mat Bléck op de Staatsbudget fir d’nächst Joer huet de Chefekonomist vun der CHM, Max Urbany, betount, d’Regierung hätt et ënner anerem verpasst e Modell ze entwéckelen deen och fir déi nächst Generatioune finanzéierbar wier.
"Eiser Meenung no ass dee Budget 2026 effektiv eng verpasste Chance. Dat geet iwwer méi Domänen. De Pensiounsdossier ass dofir e gutt Beispill, fir ze soen, okay, se gi Saachen un, wat mir absolutt begréissen, mee et geet einfach net wäit genuch. 2029 geet de Modell trotzdeem net méi op, da ginn trotz Cotisatiounserhéijung d'Depensë méi héich wéi d' Recetten. Dofir mierke mer, datt dat nach eng Kéier muss ugepasst ginn. A wisou maache mer dat net elo an enger Ausgankssituatioun, déi et nach vläicht besser erméiglecht?”
De Chefekonomist kritiséiert och, datt d’Regierung trotz ville Krise kaum eppes un hirer Ausgabe-Politik géif änneren. Dobäi wiere grad an dësen Zäite Kompromësser néideg fir déi finanziell Zukunft vum Land ofzesécheren.