arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Logementskris ass nach net iwwerstanen

FEDIL-President Georges Rassel

|
headphones

2 min

headphones

13 min

play_arrow

D'Logementskris ass nach net iwwerstanen

Déi aktuell CSV-DP-Regierung géif zwar villes maachen, fir de Bausecteur ze ënnerstëtzen, mengt de President vun der FEDIL, leider wier d'Logementskris awer nach net iwwerstanen. D'Leit géifen an onsécheren Zäiten net genuch investéieren.

headphones

2 min

headphones

13 min

play_arrow

Initiativen, fir méi a méi séier ze bauen, wiere wichteg, esou de Georges Rassel. Déi aktuell héich Präisser wieren e weider Grond, firwat d'Leit a sengen Aen net genuch investéieren. 

"D'Leit mussen einfach Confiance hunn, datt mir eng stabil Welt an och d'sozial Welt zu Lëtzebuerg hunn, fir datt si bereet sinn, sech fir déi nächst 20 Joer ze engagéieren oder méi laang. Well d'Wunnengsdette ass jo mat Sécherheet net méi kleng ginn."

Drop ze waarden, datt d'Zënse weider erofginn, wier iwwerdeems keng gutt Pist, mengt de Georges Rassel weider, et géif nämlech net esou ausgesinn, wéi wann déi wäit erof géife goen. 

Atomstroum, jo oder nee?

En anert Theema, dat d'FEDIL beschäftegt, ass och d'Energietransitioun. Rezent koum d'Nouvelle aus Frankräich, datt do d'Lafzäit vun den Atomreakteren ëm 10 Joer verlängert wäert ginn. Eng Decisioun, déi ënner anerem bei Greenpeace Lëtzebuerg op Kritik gestouss ass.

De Georges Rassel huet sech am 100,7-Interview net prinzipiell géint Atomstroum ausgeschwat. Fir hie wier kloer, datt ee Stroum brauch, fir d'Decarboniséierungsziler ze erreechen. Idealerweis wier dëse Stroum och gréng, mee dës Viraussetzung hätt och seng Limitten.

"Mir hunn déi Flauten. Mir brauchen aner Léisungen. Elo, no deem Krich an der Ukrain, wou mir och net méi un dee bëllege Gas kommen, kënne mir net méi einfach Kuel duerch Gas ersetzen. Also musse mir iergendwéi kucken, wéi mir dee Stroummix do hikréien, ouni datt eis Industrie komplett dorënner leit, respektiv och mussen ophalen ze produzéieren."

D'FEDIL géing deemno d'Positioun vu Greenpeace Lëtzebuerg an deem Dossier net honnertprozenteg deelen, esou de Georges Rassel.

play_arrow Lauschteren