arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gilles Roth: "Ëffentlech Finanze geréieren heescht och eng Portioun Courage"

Finanzen

|
headphones

2 min

headphones

14 min

play_arrow

Gilles Roth: "Ëffentlech Finanze geréieren heescht och eng Portioun Courage"

D'Wirtschaft wiisst net sou séier zu Lëtzebuerg wéi een dat emol gewinnt war. No der Presentatioun vum Budget freet een sech, wéi de Staat dann trotzdeem esou generéis kann an d’Täsch gräife wéi et virgesinn ass. Dem CSV-Finanzminister Gilles Roth ass dat och bewosst.

headphones

2 min

headphones

14 min

play_arrow
Finanzminister Gilles Roth  | © Michelle Barthel
Finanzminister Gilles Roth (Foto: Michelle Barthel )

Obschonn een dëst Joer mat engem Wirtschaftswuesstem vun nëmmen engem Prozent misst eens ginn an d'nächst Joer mat just zwee Prozent, dierft een déi sozial Leeschtungen awer net vergiessen, esou den  CSV-Finanzminister.

"Mir mussen awer déi sozial Kohäsioun, dat soziaalt Gefüge zu Lëtzebuerg héich halen. Duerfir musse mer engersäits kucken de wirtschaftleche Wuesstem an d'Luucht weider ze féieren, fir Steiereinnahmen ze hunn an anerersäits awer och keng Aschnëtter an d'Sozialleeschtungen ze hunn."

Wirtschaft duerch Boosten stäerken

D'Kritik vun der Oppositioun, datt de Budget deelweis wackeleg wier, wëllt de Gilles Roth net ganz gëlle loossen.

"Ech mengen d'ëffentlech Finanze geréieren, dat heescht och eng gewëss Portioun Courage, dat heescht eng Wirtschaft no vir dreiwen, dat heescht e Finanzstanduert Lëtzebuerg, deen awer zu engem Véierel vun eisem Wirtschaftsleeschtung bäidréit, datt ee lauschtert, wat déi brauchen, fir datt se zu Lëtzebuerg weider Aktivitéiten opleeën."

Dofir misst een an Zäiten, wou d'Wirtschaft méi lues dréint Boostere ginn, fir datt déi kéint ulafen, esou nach de Gilles Roth.

Militärausgaben innovativ steigeren

Duerch e sougenannten "Defense Bond” sollen d'Militärausgabe klammen. Et wier een dat éischt europäescht Land, dat esou eppes aféiere géif, esou de Gilles Roth. 

"Dat ass eng Staatsobligatioun. Déi kënnen d'Leit kafen. Dat ass ugeduecht, fir op 150 Milliounen Euro ze goen. Dat heescht d'Bierger kafen u sech Scholdschäiner vum Staat. Si kréien doropshin en Zëns. An op deem Zëns géif normalerweis 20 Prozent Virsteier stoen. Mir kucken, datt mer do generéis domat ëmginn, datt do keng Steier muss drop bezuelt ginn."

Domat wéilt een d'Biergerinnen an d'Bierger mat an den Effort de Defense huelen. Lescht Sondagë géife weisen, datt d'Biergerinnen a Bierger fir méi Militärausgabe wieren. Dofir sollt een si och dodru bedeelegen, esou nach de Gilles Roth.

play_arrow Lauschteren