arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Politesch Parteien net eens iwwer weidere Referendum iwwer d'Auslännerwalrecht

Table ronde

|
headphones

3 min

headphones

5 min

play_arrow

Politesch Parteien net eens iwwer weidere Referendum iwwer d'Auslännerwalrecht

10 Joer sinn et hier, datt et beim Referendum ëm d’Auslännerwalrecht, dem Walrecht vu 16 Joer un an der Limitéierung vun de Mandater vu Regierungsmember zu engem massiven Nee koum. Haut deite verschidde Sondagen un, datt wesentlech méi Lëtzebuerger Wieler:inne sech dofir géifen entscheeden.

headphones

3 min

headphones

5 min

play_arrow

80 Prozent vun de Lëtzebuerger Wieler:innen hate virun 10 Joer beim Referendum Nee zum Auslännerwalrecht gesot. De Schock war relativ grouss.

D’Hannergrënn wiere villfälteg gewiescht, huet et op der Table ronde geheescht. Engersäits, esou den Alex Bodry vun der LSAP, wier d’Aféiere vun engem Auslännerwalrecht eppes ganz Rares op der Welt, och wann déi Fro sech an engem Land mat bal 50 Prozent Net-Lëtzebuerger Residenten nach ëmmer stellt. Deemools hat och d’CSV eng Roll gespillt, déi largement zum Nee bäigedroen hat. D’CSV hat sech géint d’Auslännerwalrecht positionéiert a wollt éischter, datt d’Nationalitéitegesetz soll ofgeännert ginn. Et wier net einfach gewiescht, d‘CSV dozou ze bréngen hiren Engagement anzehalen, esou den Alex Bodry vun der LSAP.

De grénge Justizminister Felix Braz hat deemools och d’Nationalitéitegesetz wesentlech geännert fir deene Residenten d’Walrecht ze erméiglechen, déi bis dohinner ausgeschloss waren.

No deem Echec beim Referendum wier dunn déi Fro iwwer d’Auslännerwalrecht eréischt bei de leschte Walen 2023 nees thematiséiert ginn. Den Alex Bodry ass awer méi skeptesch gi vis-à-vis vum Referendum fir wesentlech a komplex Froen ze reegelen.

Tilly Metz: "Wichtegen Inklusiounsfacteur"

D’Tilly Metz vun déi gréng ënnersträicht dergéint, datt si nach ëmmer fir d‘Organiséiere vu Referendumen ass, et wier nach ëmmer wichteg d’Auslännerwalrecht anzeféieren, well et ee wichtegen Inklusiounsfacteur wier.

"C'est une forme d'apartheid si 48 % des gens qui vivent, qui consomment, qui payent des impôts ici, ne peuvent pas aller voter."

Deemools hat och d’CSV eng Roll gespillt, déi largement zum Nee bäigedroen hat. D’CSV hat sech géint d’Auslännerwalrecht positionéiert, erënnert den David Wagner vun déi Lénk.

"La campagne du CSV n'a rien fait pour, qui était particulièrement insidieux je trouve quand même aussi, je l'avais dit au Parlement d'ailleurs à l'époque, tout le monde n'était pas d'accord au sein du CSV, je le sais également, mais ça, ça a fait beaucoup de mal parce que c'est quand même un gros parti et puis il a donné raison à l'ADR en fait."

Maurice Bauer: Fro ze komplex fir Referendum

De Maurice Bauer vun der CSV ass sengersäits dovunner iwwerzeegt, datt d'CSV Schold um Echec gehat hätt beim Referendum. Déi Froe wieren ze komplex fir se de Wieler ze stellen, esou de Maurice Bauer vun der CSV.

"Parce que je crois que ce référendum a été la plus grande erreur politique du gouvernement Bettel 1. Même aussi du Bettel 2. Mais là, il n'y a plus eu de questions similaires. Pourquoi? Parce que c'est une thématique qui est beaucoup trop difficile pour être répondu à travers un référendum."

Den Interessi vun den Auslänner un der lëtzebuergescher Politik war ee weidere Sujet. Vill Auslänner géife sech net fir d‘Lëtzebuerger Politik interesséieren, esou d'DP-Deputéiert Barbara d'Agostino.

Ob ee Referendum iwwer d’Auslännerwalrecht soll organiséiert ginn, doriwwer war ee sech net eens, allerdéngs misst ee vill méi un der politescher Bildung vun deene Jonke schaffen.

Wichteg wier et egal wéi d‘Fro vum Auslännerwalrecht weider ze thematiséieren.

play_arrow Lauschteren