Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wat wëssen d'Leit iwwer de Pensiounssystem?

"Vill falsch Perceptiounen"

Wat wëssen d'Leit iwwer de Pensiounssystem?

D'Sozialministesch Martine Deprez deelt am fréien Nomëtteg mat, wéi déi zweet Phas vun där breeder Consultatioun iwwer de Pensiounssystem soll oflafen. D'Firma Quest huet e representative Grupp vu 600 Leit gefrot, wéi gutt si iwwer de Pensiounssystem Bescheed wëssen. D'Resultater ginn ze denken.

auto_stories

3 min

headphones

6 min

play_arrow

Et hätt sech nämlech erausgestallt, datt et vill falsch Perceptiounen zum Theema géif ginn, seet de Carlo Kissen, Chef vun der Firma Quest.

D'Resultater hätten hien net weider iwwerrascht, och wann "e puer defteg Zuelen" dobäi wieren. Esou weess zum Beispill just all Fënneften, datt de perséinlechen Undeel un de Cotisatiounen engem Drëttel entsprécht, ee weideren Drëttel vum Patron an een Drëttel vum Staat bezuelt gëtt.

Wou kommen d'Pensiounen hier?

Et wieren och net just jonk Leit an auslännesch Bierger, déi net iwwer d'Pensioune Bescheed wëssen, mee ronn d'Hallschent vun de Befroten.

Een Deel vun de befrote Leit mengen, datt d'Pensiounen, déi ausbezuelt ginn, aus hire Cotisatioune géife kommen. All Fënnefte mengt iwwerdeems, datt seng Cotisatiounen op engem Spuerkont accumuléiert an duerno ausbezuelt ginn. "Mir hunn zéng Prozent déi mengen, dat kéim vun den allgemenge Steieren, et cetera, et cetera", esou de Carlo Kissen.

E groussen Deel vun de Leit gesinn d'Noutwendegkeet vun Upassungen

Quest konnt och eng gewëss Prise de conscience bei de Leit feststellen: 66 Prozent vun de Leit, déi eppes vun der Debatt matkritt hunn, déi mengen, datt méi oder wéineger soll geschéien.

"Dat setzt sech plus ou moins aus gläichen Deeler zesumme vun deene Leit, déi mengen, datt verschidde Saache mussen ajustéiert ginn an deen aneren Deel ass deen Deel vu Leit, déi mengen, et wier eng gewëssen Urgence do fir wierklech intrusiv ze schaffen."

Deelweis konsensfäeg Punkten

Ronn 52 Prozent vun der Populatioun mengen, datt déi wierksaamsten Ännerung um Pensiounssystem dora bestéing fir déi héchste Pensiounen ze reduzéieren. Ongeféier 30 Prozent vun de Leit mengen, datt een d'Méiglechkeete fir méi fréi an d'Pensioun ze goen, misst limitéieren. Ee weideren Drëttel mengt, datt et sënnvoll kéint si fir d'Cotisatioune fir all Mënsch ze héijen.

D'Sozialministesch wëllt haut um Mëttwoch matdeelen, wéi si d'Leit weider mat an deen Debat wëllt abannen. Bei de Resultater vum Sondage misst ee sech d'Fro stellen, a wéi wäit dat iwwerhaapt Sënn mécht, esou de Carlo Kissen.

"Wann een deen do e Wëssensstand huet, da ginn ech dovun, datt dat do eng ganz emotionell Debatt gëtt, datt d'Leit hir Truppe mobiliséieren - sief dat d'Gewerkschaften, d'Patronat - a wann ee sou ee Wëssensstand huet, da ginn ech dovun aus, datt et eng emotiv Debatt gëtt an net onbedéngt eng rationell Debatt op Basis vun deene Saachen, wat ee weess a kennt."

Lauschterenplay_arrow