D’Staatsbeamtegewerkschaft wëllt do géint der Regierung hirt Behuelen a Saache Sozialdialog manifestéieren, besonnesch awer am Dossier vun der geplangter Pensiounsreform.
Déi Decisioun vun der Conférence des Comités vun der CGFP gouf quasi eestëmmeg ugeholl, heescht et.
D‘Staatsbeamtegewerkschaft selwer wollt sech op Nofro hin net dozou äusseren. Si verweist op eng Pressekonferenz muer, Dënschdegoien, op där d'CGFP offziell iwwer hir Strategie an iwwer hir Entrevue mat de Ministere Serge Wilmes a Martine Deprez informéiert.
Dräi Deeg no der geplangter Aktioun vun der Staatsbeamtegewerkschaft vum 25. Juni, organiséieren d’Gewerkschaften OGBL an LCGB den 28. Juni an der Stad hir national Demo géint d’Regierungspolitik.