arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fédération des artisans an CSL mat ënnerschiddleche Vuen op déi ugekënnegt Pensiounsreform

Pensiounsreform

|
headphones

3 min

headphones

3 min

play_arrow

Fédération des artisans an CSL mat ënnerschiddleche Vuen op déi ugekënnegt Pensiounsreform

D’Federation des artisans gesäit der geplangte Pensiounsreform positiv entgéint. D’Eropsetze vun de Cotisatiounsjoren dierft och fir Leit déi kierperlech schwéier schaffe kee gréissere Problem duerstellen, esou de Romain Schmit, Generalsekretär vun der D’Federation des artisans. D’Chambre des salariés kritiséiert déi ugekënnegt Pensiounsreform dogéint schaarf.

headphones

3 min

headphones

3 min

play_arrow
Pensioun | © Bigstock
Pensioun (Foto: Bigstock)

D’Féderation des Artisans huet mam ugekënnegten Eropsetze vun de Cotisatiounsjoren ëm jeeweils dréi Méint pro Joer kee generelle Problem, esou de Romain Schmit.

"Wann Dir da mengt, d'Handwierk wier per se Beruffer, wou ee sech kierperlech drop mécht, a wou een et net méi laang packt, wéi eng gewëssen Zäit schaffen ze goen, esou ass dat eng Appreciatioun, déi ech net onbedéngt mat Iech deelen."

Duerch den Asaz vu Maschinne géif déi kierperlech Ustrengen ofhuelen an et géif och méi Wäert op Sécherheet a Gesondheet op der Aarbechtsplaz geluecht ginn, esou de Generalsekretär.

Wann ee wierklech aarbechtsonfäeg wier, géif et och aner Léisunge ginn, wéi zum Beispill d’Invaliderent, esou de Generalsekretär vun der Féderation des Artisans. Dës Possibilitéite géifen och weider bestoe bleiwen.

Eng Mesure, déi "kee gefuerdert huet"

D’Chambre des Salarié wier “enttäuscht, fir net ze soe schockéiert” gewiescht vum Premier Luc Frieden sengen Ukënnegung an der Ried zur Lag vun der Natioun, esou den Direkter vun der CSL Sylvain Hoffmann. Trotz Consultatioun mat Acteuren um Terrain an der Plattform “Schwätz mat” - wou Bierger:innen encouragéiert gi waren, hir Iddien zur Pensiounsreform anzebréngen – wier eppes presentéierte ginn, wat "ganz eesäiteg" wier, a wat als Haaptmesurë Saache beinhalte géing, "déi och praktesch kee gefuerdert huet", esou de Sylvain Hoffmann.

D’Chambre des Salarié fuerdert ganz kloer een Eropsetze vun der Mindestpensioun.

"Wann ee véierzeg Joer geschafft huet, ass déi esou niddreg, dass een net aus dem Aarmutsrisiko erauskënnt, kënnt een net de Budget de référence, deen ee brauch fir zu Lëtzebuerg normal ze liewen."

D’Mindestpensioun läit aktuell bei 2.350 Euro brutto.

Steieren oder Cotisatiounen?

D’CSL schwätzt sech iwwerdeems fir eng Erhéijung vun de Cotisatiounen aus, wéi et och schonn an der Pensiounsreform vun 2012 envisagéiert gi war, esou hiren Direkter.

"Et ass och esou, dass de Gros vun de Participanten eng Cotisatiounserhéijung matgedroen huet an deene Gespréicher, virun allem och déi Jonk. Déi eenzeg, déi do dergéint waren, dat war d'Patronat en fin de compte, an déi kréien elo hei Recht."

D’Regierung hat ugekënnegt, Suen aus dem Budget an d’Pensiounskeess ze iwwerweisen, fir datt Cotisatiounen net mussen eropgesat ginn. De Generalsekretär vun der Féderation des Artisans seet heizou:

"Wësst Dir, ob een et iwwer Steiere bezilt oder Cotisatiounen? Ech weess net, wou eis Preferenze leien. Mir hunn dat nach net an där Form ofgewien."

Et wier een net dogéint, datt fir de Finanzement d’Recettë vun der CO2-Stéier genotzt ginn, esou de Romain Schmit. 

 

play_arrow Lauschteren