arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ CSV ass sech bei Sonndesaarbecht net eens

DP-Presidentin

|
headphones

3 min

headphones

15 min

play_arrow

CSV ass sech bei Sonndesaarbecht net eens

Trotz de kriteschen Avise vum Staatsrot zur d’Verlängerung vun der Sonndesaarbecht an zur Liberaliséierung vun den Ëffnungszäiten, wieren dës Projeten ëmzesetzen, esou d’DP-Deputéiert a Parteipresidentin Carole Hartmann am 100,7-Interview.

headphones

3 min

headphones

15 min

play_arrow
Carole Hartmann | © Chris Zeien
Carole Hartmann (Foto: Chris Zeien)

Wat d'Ëffnungszäiten ugeet, stéingen am Avis Kriticken, déi een duerchaus kéint novollzéien.

Wat d'Sonndesaarbecht ugeet, huet d'Carole Hartmann festgestallt, datt de Koalitiounspartner CSV sech net iwwer d'Richtung eens wier.

"Et ass elo eng Diskussioun, wou d'Meenungen effektiv auserneeginn. Sollen déi véier op aacht Stonnen (...) einfach fix am Gesetz stoen oder soll do och gekuckt ginn, dat u Kollektivverträg weider ze bannen? Mir sinn, wéi gesot, nach eng Kéier dozou op.”

D’CSV awer wier sech net eens, huet d’DP-Deputéiert a Parteipresidentin am 100,7-Interview erkläert.

“De Georges Mischo huet eis an der Kommissioun gesot, nee et ass net virgesi mat iwwer Kollektivverträg ze fueren. Dat war eng Äntwert, déi en op eng Fro vun enger CSV-Deputéiert ginn huet. Voilà, de Marc Spautz seet de Contraire. Ech wär frou, wa mer do och eng Linn géifen och als Koalitiounspartner kréien, wat d'Meenung ass. An et ass den Aarbechtsminister, deen dëse Projet de loi deposéiert huet an deen de Lead huet an dësem Dossier. Duerfir wär ech frou, fir do eng kloer Positioun ze hunn.”

Projet Sonndesaarbecht: "Keng Diskussioune mat de Sozialpartner"

D’DP-Politikerin Carole Hartmann huet och bedauert, datt et am Virfeld keng Diskussioune mat de Sozialpartner iwwer d’Sonndesaarbecht ginn hätt.

“Dat ass e Volet, deen och an dem Koalitiounsaccord steet, dass mer de Sozialdialog wëllen héichhalen. (...) De Projet de loi ass duerch de Regierungsrot gaangen, mee et war duerchaus och d'Diskussioun, ob den Text net och sollt mat de Sozialpartner diskutéiert ginn. Do ass et awer d'Decisioun gewiescht vun dem Ressortminister, fir den Text ze deposéieren an déi Diskussiounen dann duerno ze féieren. Ech gesinn dat kritesch.”

D’Carole Hartmann kritiséiert also den CSV-Minister Georges Mischo.

Grad wéi beim Projet fir d’Ëffnungszäiten- ee Projet vum DP-Minister Lex Delles - hätt een och am Virfeld d’Sozialpartner misste consultéieren, mengt d’DP-Deputéiert Carole Hartmann.

“An dann hätte mer vläicht déi Diskussiounen net engersäits elo zu der Sonndesaarbecht, awer och zu den aneren Dossieren, respektiv generell zu dem Sozialdialog, wou d'Stëmmung awer duerchaus ugespaant ass.”

Et wier wichteg, datt de Sozialdialog erëm geféiert gëtt, esou d’Carole Hartmann. Bei Projeten dann, déi d’Aarbechtswelt betreffen, wier et wichteg, datt d’Sozialpartner consultéiert ginn, huet d’DP-Deputéiert betount. Dozou géif och d’Pensiounsreform gehéieren.

play_arrow Lauschteren