arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerger Grupp vun J.P Morgan fir Mobility Payement Solutions mécht zou

33 Mataarbechter betraff

|
headphones

1 min

Lëtzebuerger Grupp vun J.P Morgan fir Mobility Payement Solutions mécht zou

An engem Schreiwes deelt d‘Gewerkschaft Aleba mat, datt de Lëtzebuerger Grupp vun J.P Morgan fir sougenannt Mobility Payement Solutions zougemaach gëtt. De Grupp, deen elektronesch Finanzservicer ubitt, ass aus enger Kooperatioun tëschent J.P. Morgan a Volkswagen Financial Services ervirgaangen.

headphones

1 min

J.P.Morgan | © picture alliance / NurPhoto | Jakub Porzycki
J.P.Morgan (Foto: picture alliance / NurPhoto | Jakub Porzycki)

Am Ganze sinn 33 Mataarbechter betraff.  D‘Aleba handelt elo e Sozialplang fir si aus. D‘Majoritéit vun den Employéë schafft nach keng fënnef Joer bei der Firma, a misst se ouni Ënnerstëtzung verloossen.

Zu éischten Entloossunge wäert et 2026 kommen, heescht et am Schreiwes vun der Gewerkschaft.