arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'UEL stellt de Gewerkschaftsmonopol fir Kollektivverträg net a Fro

Wirtschaft

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

D'UEL stellt de Gewerkschaftsmonopol fir Kollektivverträg net a Fro

D'UEL géif de Gewerkschaften hir Roll fir Kollektivverträg auszehandelen net a Fro stellen, seet den UEL-Direkter Marc Wagner.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Den UEL-Direkter Marc Wagner | © Chris Zeien
Den UEL-Direkter Marc Wagner (Foto: Chris Zeien)

Fir d'UEL kéint et domat och an Zukunft keen Instrument ginn, dat et géif erlabe fir fir ganz Secteuren ouni Gewerkschaften ze verhandelen. Dat wier ee staarken Engagement an och eng Concessioun, sou de Marc Wagner.

"An domat soen ech och am Umkehrschluss, datt et keen Instrument ka ginn an Zukunft, wou mer fir ganz Secteuren ouni Gewerkschafte verhandelen."

Allerdéngs gesinn d'Gewerkschaften der UEL hir Propos an och der Regierung hir Positioun an dësem Dossier bis elo nach ëmmer als „frontal Attack“ op de Sozialmodell. Si hunn den 28. Juni eng national Manifestatioun organiséiert.

Méi flexibel Aarbechtszäitorganisatioun

D‘Unioun vu den Entreprisen hätt awer gär méi Spillraum bei der Aarbechtszäit-Organisatioun, mee de Code du Travail géif dat net erlaben, huet d’UEL den Donneschdeg op enger Pressekonferenz bedauert. Si huet do hir Fuerderung widderholl, datt d'Aarbechtsrecht misst moderniséiert ginn. 

Zënter Oktober zejoert, wou d'Gewerkschaften aus dem "Comité permanent du Travail et de l'Emploi" erausgestiermt waren, schwätzen d‘Syndikater an d'UEL praktesch net méi bäieneen. Hannergrond war deemools schonn der UEL hire Wonsch, bei der Aarbechtszäit-Organisatioun Accorden ouni d'Gewerkschafte kënnen auszehandelen. Datt d'UEL dat elo nach emol op enger Pressekonferenz presentéiert huet, déi zweemol verréckelt gi war, léing hirem President Michel Reckinger no och dorun, datt een haut eng Regierung hätt, déi prett wier, iwwer dee Sujet ze schwätzen.

Aarbechtszäit: UEL fuerdert Betribs-spezifesch Accorden

D'UEL seet, si wéilt de Sozialdialog relancéieren an "demokratiséieren". An engem Betrib misst de Patron Spillraum kréie fir, och ouni Gewerkschaften, mat gewielte Personaldelegéierten iwwert d'Aarbechtszäitorganisatioun ze schwätzen, an dann en "Accord d‘entreprise", wéi d'UEL et nennt, auszehandelen. Zum Beispill wéilte verschidde Leit haut léiwer 4 Deeg d’Woch 10 Stonne laang schaffen, an een Dag net. Dat géif haut awer net goen, well et verbueden ass.

Fir déi néideg juristesch Sécherheet ze kréien, misst de Code du Travail moderniséiert ginn. "D'Aarbechtsrecht muss och mat der Zäit goen", esou den UEL-Direkter Marc Wagner.

D'Aarbechtsrecht hätt Joerzéngte Retard op gesellschaftlech Entwécklungen an op d'Entwécklungen an de Betriber an op den Erwaardunge vun den Employeuren, de Salarién an de Clienten.

play_arrow Lauschteren