Radioen

On air

Notturno  |  The Delfonics - I Gave to You

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Hoffnung datt Diddelenger Site vu Liberty Steel kann iwwerholl ginn

No Faillite

Hoffnung datt Diddelenger Site vu Liberty Steel kann iwwerholl ginn

Nächste Freideg leeft fir potentiell Repreneuren den Delai of fir hir Offer anzereechen, confirméiert de Curateur Olivier Wagner.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

© Serge Kesseler play_arrow
(Foto: Serge Kesseler)

Enn November gouf d'Faillite vu Liberty Steel Diddeleng gesprach. Ursprünglech sollte potentiell Repreneure bis Enn Januar hir Offer areechen. Deen Delai gouf elo ëm zwou Woche verlängert.

Déi Verlängerung gouf op Ufro vun de potentielle Repreneuren accordéiert, si bräichten nach Zäit fir hir Offer ze finaliséieren, nodeems et um Site vun Diddleng scho Visitte gouf, preziséiert de Curateur Olivier Wagner.

Et géifen dräi Typpe vu Repreneure ginn déi sech gemellt hätten. Déi déi d’Infrastruktur wéilten iwwerhuelen, ouni Reprise vun der Aktivitéit, déi déi eng aner Aktivitéit um Site wéilte lancéieren an eng drëtt Kategorie déi d’Aktivitéit vu Liberty Steel wëlle weiderféieren, déi Méiglechkeet gëtt et nach betount de Curateur vun der Faillite de Maître Olivier Wagner.

"Maintenant, si effectivement il y a une offre qui satisfait les deux, à savoir la masse des créanciers et qui permet, je pense à une reprise d'activité et de reprendre le maximum de personnel, tant mieux, c'est un peu vers ça qu'on se dirige, mais voilà, c'est sans garantie."

Gewerkschaften hoffen op eng Reprise vum Site

Et wier dann och vu Virdeel, datt nach Salariéeen mat enger berufflecher Erfarung bliwwe wieren, fir d’Produktioun vun der Galvaniséierung ze relancéieren. An eng Demande no de Produiten déi zu Diddeleng entstinn, wier och do, betount den Stefano Araujo vum OGBL.

Sollt et ee Repreneur ginn deen d’Aktivitéiten um Site vun Diddeleng géif weiderféieren, da kéinten d’Salariéeën hir Anciennetéit an hir Salairen déi ausstinn effektiv bezuelt kréien, soss riskéiere se Villes ze verléieren. Dohier ass et och fir d’Gewerkschaften OGBL an LCGB déi grouss Hoffnung, datt e sérieuxe Repreneur de Site mat den Aktivitéiten iwwerhëlt, erkläert den Stefano Araujo vum OGBL.

Am Fall vun enger Faillite kréien, d’Salarieeë vun enger Firma eng Garantie op eng Indemnitéit vu bis zu 6 mol de Mindestloun. Dat gëlt fir de Mount vun der Faillite an der Hallschent vum Préavis dee se ze gutt gehat hätten. Mee d’Leit kruten zënter Oktober hir Pai net a bis elo krute se just Avancen.

Lauschterenplay_arrow