arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Philippe Glaesener: “Zu Lëtzebuerg wäerten à priori keng Waffe produzéiert ginn”

Verdeedegungsdepensen

|
headphones

2 min

headphones

12 min

play_arrow

Philippe Glaesener: “Zu Lëtzebuerg wäerten à priori keng Waffe produzéiert ginn”

Ënner anerem solle bis Enn dës Joers 46 Milliounen Euro an d‘Recherche an d’Entwécklung vu Betriber zu Lëtzebuerg fléissen, déi am Secteur vun der Verteidegung aktiv sinn. De Philippe Glaeseser President vum Aarbechtsgrupp iwwer d’Defense bei de Chambre de Commerce seet et wier net dovun auszegoen, datt doduerch zu Lëtzebuerg elo Waffen oder Panzere wäerte produzéiert ginn. 

headphones

2 min

headphones

12 min

play_arrow
Philippe Glaesener, President vum Aarbechtsgrupp "Défense" vun der  Handelskammer | © Morgane Weidig
Philippe Glaesener, President vum Aarbechtsgrupp "Défense" vun der Handelskammer (Foto: Morgane Weidig)

Et ginn den Ament 110 Entreprisen, déi am Beräich vun der Defense Produkter an Servicer hei am Land ubidden. Virun dräi Joer waren et der just 43 Betriber. Dat bedeit méi ewéi eng Verdueblung. Déi Hausse wier duerch de geopolitesche Kontext ze erklären, seet de Philippe Glaesener. Virun allem Entreprisen, déi de Prinzip vum "dual use”"kënnen ëmsetzen, hätten sech doduerch zu Lëtzebuerg etabléiert. 

Cybersecuritéit a Kënschtlech Intelligenz 

"Dual use" bedeit, datt ee Produkter oder Servicer esouwuel am zivillen ewéi och am militäresche Beräich ka benotzen. 

Zu Lëtzebuerg ginn et virum allem Entreprisë mat Kärkompetenzen am Beräich Cyber, Logistik, Espace a Kënschtlech Intelligenz, seet de Philippe Glaesener. 

Déi Entreprisë wiere spezifesch fir esou Opträg an d’Land gezu ginn. De Philippe Glaesener hofft, datt sech dee Marché an den nächste Wochen a Méint och nach weider wäert ausbauen. 

Entreprisen zu Lëtzebuerg liwweren zum Beispill eenzel Bestanddeeler u méi grouss international Defenseentreprisen. 

Moyenen zur Verteidegung 

Am Aarbechtsgrupp "Défense" vun der Chambre de Commerce gëtt domat gerechent, datt an den nächste fënnef Joer ronn 2.000 Aarbechtsplaze kënnen entstoen. 

De Philippe Glaesener kéint zwar net mat Sécherheet soen, datt zu Lëtzebuerg keng Panzeren a keng Waffe wäerte produzéiert ginn. Hien mengt awer éischter net. Dat wier éischter un de groussen Acteuren am Ausland fir esou Saachen ze produzéieren, esou de Philippe Glaesener. 

Et wier net de Kär fir direkt an de Krich ze zéien, seet de Philippe Glaesener. Et misst een awer prett sinn, fir sech ze verteidegen.

play_arrow Lauschteren