arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Luc Frieden wëllt sech net op Zuele festleeën

NATO-SOMMET

|
headphones

2 min

Luc Frieden wëllt sech net op Zuele festleeën

D’NATO-Länner verflichten sech zu Den Haag dozou, bis 2035 5 Prozent vum PIB an d’Defense ze stiechen. De Luc Frieden bleift vag a sengen Annoncen: De Grand Duché wäert wéi déi aner, zousätzlech Efforten ze maachen "an engem Rhythmus, deen zu Lëtzebuerg passt". 

headphones

2 min

Premier Luc Frieden um NATO-Sommet | © ME
Premier Luc Frieden um NATO-Sommet (Foto: ME)

"Et sollt een sech net ze vill op Chiffere konzentréieren", dee Saz huet de Premier de Mëttwochmoien e puer Mol widderholl. Méi wichteg wier et, "datt mer kucke gemeinsam d'Sécherheet an Europa ze garantéieren."

2035 als Deadline?

Trotzdeem stinn déi Chifferen hei um NATO-Sommet zu den Haag am Mëttelpunkt. Et geet dorëm, wéi vill all Partner prett ass, fir d’Defense auszeginn. 

Lëtzebuerg, esou de Luc Frieden, wäert och méi Efforte maachen, "an engem Rhythmus, deen zu Lëtzebuerg passt".

Méi an den Detail wollt de Premier um Mëttwochmoien net goen. Bis 2035 soll dat neit Zil erreecht ginn, den Delai war no hanne verluecht ginn. Och Lëtzebuerg war do wuel éischter dofir. 

Et misst een dat kënne meeschteren, souwuel finanziell ewéi praktesch, erkläert de Luc Frieden

"An duerfir mengen ech brauche mer alleguerten eng länger Zäit fir déi Ziler ze erreechen."

Regierung muss nach iwwert Budget diskutéieren

Keng kloer Äntwert och op d’Fro, ob Lëtzebuerg genee ewéi Spuenien der Meenung ass, seng NATO-Ziler kënnen ze erreechen, ouni dofir missen dee gewënschte Budget op den Dësch ze leeën. Spuenien huet als eenzegt Land annoncéiert, datt et sech net un dat 5-Prozent-Zil wäert halen.

"Ech weess an dësem Moment net, wat mer genee mat deene Sue maachen. Dat ass jo en Exercice iwwert zéng Joer, op d'mannst zéng Joer, soudatt een da muss kucke wat sinn déi Elementer, déi Equipementer, déi e brauch."

De Luc Frieden sot och:

"Mir musse souwuel budgetär wéi och praktesch, zesumme mat ganz ville Memberen an der Regierung, déi fir verschidde Saachen zoustänneg sinn, kucke wat mer mat deene Sue maachen. Et geet och drëm intelligent Suen auszeginn."

Et geet op deem Sommet och dorëm, datt een Unitéit weist. Zesumme mam US-President, deen zu esou eppes ewéi engem Wackelkandidat an der nordatlantescher Allianz ginn ass. 

Frieden trëfft Trump: "Keng Diskussioun am Fong"

De Luc Frieden ass him gëschter Owend am Palais beim royalen Dinner vun de Staats- a Regierungscheffe fir d’éischt begéint. Wéi war dat?

"Ganz kuerz. Et war e ganz frëndleche Begréissung. Mir hate keng Diskussioun um Fong. Mee et war eng Geleeënheet, fir och nach eng Kéier just ze soen, datt Lëtzebuerg an Amerika eng staark historesch Relatioun hätten, an datt een alles muss maachen, fir déi weider ze féieren. An dat ass och mäin Zil als Premier."