arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ried vum Luc Frieden: Fir eng Zukunft vu Fridden a Wuelstand

Vereent Natiounen

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Ried vum Luc Frieden: Fir eng Zukunft vu Fridden a Wuelstand

De Premier Luc Frieden plädéiert a senger Ried virun der UNO-Generalversammlung fir méi Diplomatie, Dialog a Kompromëssbereetschaft. Konkret Beispiller wieren eng gerecht Friddensléisung an der Ukrain, eng Zweestaateléisung fir Israel a Palästina an d‘Fräiloosse vun alle Geiselen. 

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
©  EPA/LEV RADIN
(Foto: EPA/LEV RADIN)

De Luc Frieden huet och d‘Länner dozou opgeruff, fir déi nächst Generatioun eng Zukunft vu Fridden a Wuelstand ze sécheren.

D’Efforte fir déi Idealer déi d’Natiounen nom zweete Weltkrich zeréckbehalen haten ze erreechen, géif Lëtzebuerg weider ënnerstëtzen.

Fridden, Gerechtegkeet, Fräiheet, Dignitéit, Mënscherechter an internationaalt Recht ginn Hand an Hand. Mee an de leschte Jore goufen déi Idealer dacks net respektéiert, huet de Premier Luc Frieden betoun. D’UNO wier déi richteg Institutioun, fir déi Ziler och kënnen ze erreechen. 

All Land muss seng Efforte maachen

Fir Lëtzebuerg géif d’UNO nach ëmmer déi héchsten Ambitioun vun der Mënschheet duerstellen

“Sou wéi d'Vereenten Natiounen dës Idealer representéieren, symboliséieren se och eng aner Method, e Paradigmewiessel an der Manéier, wéi Länner mateneen ëmgoe sollen an hir gemeinsam Erausfuerderunge meeschteren. Wierder, net Waffen. Diplomatie, net Gewalt. Solidaritéit, net Konfrontatioun.”

Mee d’UNO kéint dat net eleng erreechen. All Land misst dofir Efforte maachen, esou de Luc Frieden.

“Wa mir eis fir en ëmfaassende gerechten a bestännege Fridde fir d'Ukrain asetzen, mat Respekt fir hir Souveränitéit, Selbstbestëmmung an territorial Integritéit, wa mir eis fir en direkte Waffestëllstand a vollstännegen humanitären Zougang an der Gazasträif asetzen, souwéi fir d'Fräiloossung vun alle Geiselen, wa mir eis fir d'Ëmsetzung vun der Zweestateléisung asetzen, wou de Staat Israel an de Staat Palästina Säit u Säit a Fridden a Sécherheet liewen. Fir dës Zil ze erhalen, huet Lëtzebuerg dës Woch de Staat Palästina offiziell unerkannt."

De Premier Luc Frieden huet dowéinst en Opruff gemaach, fir zesummen ze schaffen, fir de Krich op een Enn ze bréngen an de Fridden ze sichen, mat engem neie Wee, mat engem anere Geescht, dem Geescht vun der UNO

play_arrow Lauschteren