arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerg wëllt Palästina als Staat unerkennen

Nächst UN-Vollversammlung

|
headphones

2 min

Lëtzebuerg wëllt Palästina als Staat unerkennen

Lëtzebuerg wëllt Palästina d’nächst Woch bei der UN-Vollversammlung als Staat unerkennen. Dat huet de Premier Luc Frieden zesumme mam Ausseminister Xavier Bettel haut um Méindegmoien no der aussepolitescher Chamberkommissioun matgedeelt. 

headphones

2 min

De Premier Luc Frieden (CSV) | © Chambre des Députés
De Premier Luc Frieden (CSV) (Foto: Chambre des Députés)

De Gros vun den Oppositiounsparteie begréisst déi Decisioun. Bis ewell hat Lëtzebuerg heizou nach keng kloer Positioun ageholl – an huet ofgewaart.

Den CSV-Premierminister Luc Frieden erkläert, firwat d’Regierung elo decidéiert huet, Palästina als Staat unzeerkennen, mat der Situatioun um Terrain, déi sech dramatesch verschlechtert. Et géif een och feststellen, datt weder déi israeelesch Regierung vum Benjamin Netanjahu, nach d'Hamas eng Zweestaateléisung wëllen.

Klore Konsens an der Regierung

Eng Zweestaateléisung kéint op Dauer de Fridden an der Regioun bréngen. Iwwerdeems géif et e Mouvement vu Länner aus Europa an aus aller Welt ginn, dee fir déi Zweestaateléisung ass. Deem wéilt ee sech uschléissen, esou nach de Luc Frieden. An der Regierung gëtt et och e klore Konsens wat eng Unerkennung vu Palästina ugeet.

"Den Ausseminister (...) huet eng Propositioun gemaach. Déi ass an der Regierung diskutéiert ginn an déi huet d' Ënnerstëtzung vun alle Ministere fonnt."

Endgülteg Decisioun réischt bei der UN-Vollversammlung

De Luc Frieden an och den Ausseminister Xavier Bettel weisen awer dorop hin, datt et een ni wësse kéint, wat bis de nächste Méindeg am Zesummenhang mam Konflikt nach geschitt. Dofir wéilt een och déi endgülteg Entscheedung eréischt bei der UN-Konferenz zu New York huelen.

Fir de Xavier Bettel si virun Allem zwee Punkten nach ëmmer wichteg, wou een awer net gesäit, datt déi a noer Zukunft geléist ginn. Dofir hätt een d’Decisioun fir d'Unerkennung och elo getraff. Wann een nämlech drop waarde géif, datt d'Geisele fräigelooss ginn, oder et ee Waffestëllstand gëtt, géif een nach "bis Mokuchsdag" waarden.

Oppositiounsparteie begréissen Decisioun

Wat méiglech Sanktioune säitens Lëtzebuerg géintiwwer Israel ugeet, wéilt een e Projet de Loi opsetzen, fir déi kënnen a Kraaft ze setzen, esou nach de Xavier Bettel. Op EU-Niveau géif sech dat Ganzt ze schwiereg gestalten, vue datt et ze vill verschidde Meenungen zu méigleche Sanktioune géif ginn, esou den Ausseminister.

Am grousse Ganzen hunn d'Oppositiounsparteien d’Decisioun vun der Regierung fir eng Unerkennung vun engem palästinensesche Staat begréisst.

déi gréng, d’LSAP an déi Lénk fannen et e wichtege Schrëtt, och wann et laang gedauert hätt, a fuerdere Sanktioune géint Israel.

D'ADR wier zwar och fir eng Unerkennung, mee hei géif een d'Konditioune fir eng Unerkennung net als erfëllt ugesinn, esou de Fred Keup. Dowéinst wier ee verwonnert iwwer déi "180-Grad Dréiung" vun der Regierung, esou nach den ADR-Fraktiounspresident.