arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Friddensaccord fir Gaza gouf ënnerschriwwen

Scharm el Scheich

|
headphones

1 min

Friddensaccord fir Gaza gouf ënnerschriwwen

De Friddensaccord tëscht Israel an der Hamas gouf um Méindeg um Friddenssommet zu Scharm el Scheich an Ägypte formell ënnerschriwwen. Den US-President Donald Trump huet vun engem formidabelen Dag fir d‘Welt a fir de Noen Oste geschwat.

headphones

1 min

© EPA/YOAN VALAT / POOL
(Foto: EPA/YOAN VALAT / POOL)

Do virdrun hat d‘Hamas déi lescht 20 lieweg Geiselen an der Gazasträif fräi gelooss. Am Géigenzuch sinn eng 2.000 Palestinenser:innen aus israeelesche Prisongen erauskomm. Den Accord gesäit och vir, datt d‘Hamas d‘Läiche vun 28 Geiselen zréck un Israel gëtt. Bis elo huet d‘Hamas awer just véier Läichen iwwerginn. 

Den Donald Trump huet gëschter betount, datt elo de Nees-Opbau misst ufänken. Dofir misst d‘Gazasträif demilitariséiert ginn. Et annoncéieren sech awer nach schwiereg Verhandlunge, fir dir déi nächst Etappe vum Trump sengem Friddensplang vun 20 Punkten ëmzesetzen.