arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Och Frankräich an Däitschland liwwere weider Hëllefsgidder an d'Gazasträif

No Groussbritannien a Spuenien

|
headphones

1 min

Och Frankräich an Däitschland liwwere weider Hëllefsgidder an d'Gazasträif

Véier franséisch Fligere mat insgesamt 40 Tonnen Hëllefsgidder sinn de Freideg a Jordanie gestart fir de Leit a Gaza ze hëllefen. Op der Plattform X hat den Emmanuel Macron dat gëschter confirméiert a sot et géif awer nach net duergoen.

headphones

1 min

Emmanuel Macron | © picture alliance/dpa | Ansgar Haase
Emmanuel Macron (Foto: picture alliance/dpa | Ansgar Haase)

Israel misst den Zougang komplett opmaache fir op de Risk vun enger Hongersnout ze reagéieren. Der UNICEF no ginn all Mount 62.000 Tonne Waasser, Iessen a Medikamenter benéidegt.

Och de franséischen Ausseminister Jean-Noël Barrot sot Franceinfo géigeniwwer, Israel misst elo méi Hëllef iwwer Land, Mier a Loft zouloossen. Am selwechten Interview huet de Chefdiplomat awer och annoncéiert, datt Frankräich bis op Weideres keng Persounen aus Gaza méi géing ophuelen. Dat nodeems bekannt gouf, datt eng palestinensesch Studentin, déi a Frankräich Schutz fonnt huet, antisemittesch Contenuen op de soziale Plattforme gepost huet. Dofir wëllt de Barrot elo d’Konsequenz zéien. Déi jonk Studentin muss Frankräich verloossen. All aner Persounen aus der Gazasträif, déi a Frankräich opgeholl goufen, sollen elo genee kontrolléiert ginn, fir sécherzestellen, datt si keng antisemittesch Positioune vertrieden.