An de leschte Méint wier d'Hoffnung op eng Zweestaateléisung ëmmer méi kleng ginn, souwuel duerch d’Handlunge vu der Terrororganisatioun Hamas, an deene vun der israeelescher Regierung. Grad aus deem Grond wier et wichteg, datt Groussbritannien de Palästinenserstaat unerkennt, huet de brittesche Premier gëschter erkläert.
Déi Unerkennung vum Palästinenserstaat wier awer keng Belounung fir d'Hamas, sot de Keir Starmer nach. Et hätt een d'Terrororganistaioun verbueden a sanktionéiert, an et géif een nach méi wäit goen, esou de Keir Starmer, deen och betount huet, datt d’Geisele misste befreit ginn.
Allerdéngs géif mëttlerweil déi humanitär Kris an der Gazasträif nei Dimensiounen erreechen, erkläert de Keir Starmer.
"Déi onermiddlech an eskaléierend Bombardementer vun der israeelescher Regierung, d’Offensiv vun de leschte Wochen. D’Iwwerliewensnout, d’Hongersnout a Verwüüstung si komplett inakzeptabel. Zéngdausende Mënsche goufen ëmbruecht, dorënner Dausende beim Versuch, Iessen a Waasser ze sichen. Déi Affer an d‘Verzweiwlung schockéieren eis all. Dat muss ophalen."
De Keir Starmer huet déi israeelesch Regierung nach eng Kéier dozou opgeruff d’Barrièrë bei de Grenziwwergäng opzehiewen an déi humanitär Hëllef endlech eranzeloossen.
Éischt G7-Staaten, déi Palästinenserstaat unerkennen
Doriwwer eraus betount de Keir Starmer, datt een am Konsens mat de Länner aus der Regioun un der Ëmsetzung vum Friddensplang géif schaffen.
"Dat ass e praktesche Plang fir Mënschen hanner enger gemeinsamer Visioun zesummenzebréngen an eng Rei Schrëtt ëmzesetzen, inklusiv d’Reform vun der palästinensescher Autoritéit. Dat féiert eis vun engem Waffestëllstand am Gaza zu Verhandlungen iwwer eng Zweestaateléisung. Mir wäerten dës Beméiunge virundreiwen."
A wa scho virdru méi wéi 100 Länner de Staat Palästina unerkannt hunn, esou ass et mat Groussbritannien a Kanada déi éischte Kéier, datt och Membere vum G7 dee Schratt offiziell maachen.
Och Lëtzebuerg ass drop an drun de palästinensesche Staat unzëerkennen. De Premier Luc Frieden an den Ausseminister Xavier Bettel sinn dës Woch Allenzwee zu New York op der UNO-Vollversammlung. Haut ass am Virfeld vun der Generaldebatt déi international Konferenz iwwer d’Ëmsetzung vun der Zweestaateléisung. Do géife weider 6 Länner dorënner Lëtzebuerg a Frankräich de palästinensesche Staat unerkennen, schreift AFP.
Däitschland net méi kategoresch géint eng Unerkennung vu Palästina
D'USA refuséieren den Ament eng Unerkennung vun engem palästinensesche Staat. Däitschland leent iwwerdeems eng Unerkennung net méi of. Den däitschen Ausseminister Johann Wadephul sot de Moien, viru sengem Depart op New York, datt e Palästinenserstaat fir Däitschland en Zil ass, mee datt d‘Unerkennung éischter um Enn vum Prozess rondrëm eng Zwee-Staate-Léisung stéing.