arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nei intensiv israeelesch Militäroperatioun an der Stad Gaza

Noen Osten

|
headphones

1 min

Nei intensiv israeelesch Militäroperatioun an der Stad Gaza

Israel soll eng nei offensiv lancéiert hunn, fir d'Stad Gaza anzehuelen. Eng israeelesch Noriichtesäit mellt schwéiere Beschoss vun Artillerie an Aviatioun.

headphones

1 min

Gaza Stad no israeelesche Loftattack | © EPA/ATEF SAFADI
Gaza Stad no israeelesche Loftattack (Foto: EPA/ATEF SAFADI)

Deemno hätt eng intensiv Operatioun ugefaangen, mat där eng ganz Rei vun Terrorziler viséiert wieren. Den israeelesche Sécherheetscabinet hat am August gréng Luucht ginn, fir d‘Stad Gaza am Norde vun Israel anzehuelen. D‘Populatioun gouf dowéinst opgeruff sech a sougenannten humanitären Zonen am Süde vu Gaza a Sécherheet ze bréngen.

Familljemember vun de Geisele besuergt

Den amerikaneschen Ausseminister Marco Rubio, deen an Israel op Visitt war, hat um Méindeg erkläert, datt eng diplomatesch Léisung an dëser Fro wuel net méiglech wier.

Familljemembere vun de Geiselen hu sech hënt ganz besuergt gewisen iwwer dës Noriichten. Si fäerten, datt et déi lescht Nuecht fir d‘Geisele kéint gewiescht sinn. Den israeelesche Premier Netanjahu géif dës Leit bewosst afferen an dobäi net emol op säi Militärchef lauschteren, dee vun esou enger Aktioun ofgeroden hat.